DNA: Cali-Kartell - “Wäisswäsche vun Drogen Suen”

RTL - 21.02.2016, 16:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.02.2016, 18:14

Dräi kolumbianesch Statsbierger musse sech am Oktober 1991 wéinst Wäisswäsche vun Drogesuen viru Gericht veräntweren.

CALI-KARTELL - Wäisswäsche vun Droge-Suen (21.02.2016)
Dräi kolumbianesch Statsbierger mussen sech am Oktober 1991 wéinst Wäisswäschen vun Drogesuen viru Gericht veräntweren.

Story

D’ Lëtzebuerger Finanzplaz hätt sech wëllen vum Virworf « Wäisswäschen »,dass zu Lëtzebuerg Schwaarzgeld gebunkert wär. Soen d’ Affekoten vun der Verdeedegung. Hir Clienten wären «Baueren Affer».

Am Hierscht 1989 mellen sech insgesamt 7 Banken bei der Lëtzebuerger Sûreté, well hinnen Konten vun kolumbianeschen Clienten suspekt erschéngt hunn.

Am Fréijoer 1990 mëscht eng Bank zu Monaco Faillite.

Der franséischer an der amerikanescher Douane waren déi selwecht kolumbianesch Nimm ewéi zu Lëtzebuerg verdächteg virkomm.

Et ass den Ufank vun enger breet ugeluegter Enquête.

Déi amerikanesch Drug enforcement administration (DEA) gëtt ageschalt.

Duerch eng international Zesummenaarbecht ginn d’Puzzelstécker vun engem Wirtschaftskrimi zesummegedroen.

Zu Lëtzebuerg ginn d‘ Telefonsleitungen vun engem Mann, dem Franklin Jurado, ofgelauschtert an d’Faxverbindungen ugezaapt.

Harvard, Belair, Ollem

De Franklin Jurado huet sech 1987 eng Wunneng um Belair geholl an ass 1989 op Ollem geplënnert.

Hien ass Finanzberoder mat engem Harvard-Ofschloss.

Hien hätt engem räichen kolumbianeschen Geschäftsmann gehollef, fir seng Suen optimal an Europa unzeleeën. Seet hien. Dem Jurado säin Plang geet wirtschaftlech op: aus 22 Milliounen US Dollar, déi hien 1987 ugeluet huet sinn et der 36 Milliounen US Dollar Mëtt 1990.

Mä den Franklin Jurado steet ënnert Verdacht, net nëmmen als Beroder täteg gewiescht ze sinn, mä dass hien wëssentlech Gelder no engem bestëmmte Muster phaseweis wäissgewäsch huet.

Endstatioun Kapellen

Enn Juni 1990 gëtt de Franklin Jurado zesummen mat engem weideren Kolumbianer, fir deem seng Firma hien geschafft huet, op der Autobunnsopfaart zu Kapellen vun Lëtzebuerger Spezialunitéiten festgeholl.

Bei den Perquisitiounen an senger Wunneng ginn Dokumenter séchergestallt, déi de Lien tëscht dem Jurado an dem Cali-Kartell an den Aen vun den Enquêteuren beweisen.

15 Wochen Prozess

De Prozess dauert 15 Wochen.

Den 2.Abrëll 1992 fält de Verdikt: 2 vun den 3 Ugekloten mussen fest op Schraasseg sëtze goen. E fir 5 Joer, de Franklin Jurado fir 54 Méint, en drëtten gëtt fräigesprach.

De Verdikt gëtt am Appel confirméiert.

Ausgeliwwert

Am Mee 1994 ginn déi 2 Kolumbianer an Amerika ausgeliwwert a jugéiert. Si plädéieren op schëlleg.

Si soen an Amerika, si hätten hirem Client geroden, Suen aus (Zitat)”wahrscheinlech” illegalen Sourcen ugeluecht ze hunn.

Epilog

De Franklin Jurado ass zënter 20 Joer nees op fräiem Fouss a ass haut mat sengen 68 Joer professionell weider als Finanzberoder a Kolumbien aktiv.