DNA: "Sexuell Mëssbraucht!"

RTL - 10.04.2016, 15:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.04.2016, 19:32

D’Bianca, de Steve, den "Dave" an "d’Nicole" deelen e gemeinsamt Schicksal. Si sinn an hirer Kandheet vun Respektspersounen sexuell mëssbraucht ginn.

DNA - Sexuell Mëssbraucht! (10.04.2016)
D’Bianca, de Steve, den "Dave" an "d’Nicole" deelen e gemeinsamt Schicksal. Si sinn an hirer Kandheet vun Respektspersounen sexuell mëssbraucht ginn.

D’Bianca, de Steve, den "Dave" an "d’Nicole" deelen e gemeinsamt Schicksal. Si sinn an hirer Kandheet vun Respektspersounen sexuell mëssbraucht ginn. Se waren tëscht 5 an 12 Joer al, ewéi de Mëssbrauch ugefangen huet. De Mëssbrauch huet sech iwwert Méint, heiansdo Jore gezunn.

Se sinn ugepaakt, am Intimberäich beréiert oder vergewaltegt ginn. Se hunn laang gebraucht, fir ze verstoen, wat genee mat hinne geschitt ass. Se sinn d’Schold bei sech selwer siche gaangen.

Hu si eppes falsch gemaach? Sinn si Schold un deem, wat Mënschen mat pädophile Neigungen mat hinne gemaach hunn?

Se hunn och laang gebraucht, fir sech iwwert de Mëssbrauch selwer ze äusseren. Se hunn dat, wat se erlieft hunn, dacks gemoolt, ier se driwwer geschwat hunn. Se hunn sech no laangem Zécken och frieme Persounen uvertraut.

Hire Fall (ausser beim “Nicole”) ass bei der Police a beim Gericht gelant. D’Täter si jugéiert an zu feste Prisongsstrofe veruerteelt ginn.

DNA mam Thema “Sexuelle Kannermëssbrauch” dëse Sonndeg 10. Abrëll 2016 um 18.15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.