DNA: "Erschoss a verbrannt"

RTL - 11.11.2016, 15:37 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.11.2016, 21:23

En ausgebrannten Auto an enger verloossener Strooss am franséischen Grenzgebitt, den Ufank vun enger ongewéinlecher Kriminalgeschicht am Summer 2006.

DNA: "Erschoss a verbrannt" (13.11.2016)
En ausgebrannten Auto an enger verloossener Strooss am franséischen Grenzgebitt, den Ausgangspunkt vun enger ongewéinlecher Kriminalgeschicht am Summer 2006.

En ausgebrannten Auto an enger verloossener Strooss, no bei enger Industriezone am franséische Grenzgebitt. Dat ass den Ausgangspunkt vun enger ongewéinlecher Kriminalgeschicht am Summer 2006.

An der Malle vum Auto läit eng verkuelte Läich, an eng Kugel aus enger Pistoul.

D’Gefier huet Lëtzebuerger Placken an de Propriétaire vum Auto ass e Mann vu Miersch.

Déi verkuelte Läich am Auto gëtt zu Nanzeg obduzéiert. Mä eréischt eng Analyse vum Gebëss bréngt Gewëssheet.

Tatort Miersch

Et handelt sech beim Affer ëm de Besëtzer vum Auto. Et ass den Antonio Carta.

De Mann huet mat senger Mamm am Haus zu Miersch gewunnt.

D’Enquêteure stinn am Ufank vun den Ermëttlungen virun engem grousse Rätsel.

Se hunn eng Läich an eng Kugel. Se wëssen, dass de Mann d’Affer vun engem Verbriechen ginn ass.

Mä se hunn nach keen Tatort.

D’Enquête läit fir den Optakt bei der franséischer Police. Zesumme mat hire Lëtzebuerger Kollegen ginn se an Haus op Miersch kucken.

D’Haus steet eidel. D’Mamm vun Antonio Carta ass a Sardinien an der Vakanz. D’Famill staamt vun do.

De Papp ass 2001 schonns verstuerwen.


Bluttspur am Garage

Am Haus fannen d’Enquêteuren an enger éischter Phase keng Spueren déi op en Abroch oder e Gewaltverbriechen hiweisen.

Mä se staunen net schlecht, ewéi se am Garage op eng Bluttspur stoussen.

Vun deem Ament steet et fir si fest :den Antonio Carta ass a sengem eegenen Haus ëmbruecht ginn.

Ween ass d’Affer ?Hat hie Feinden ?

Den Antonio Carta ass e wäisst Blat fir d’Lëtzebuerger Justiz.

Hien ass zu Lëtzebuerg gebuer a stoung am Summer 2006 kuerz virun sengem 40.Gebuertsdag.

De Mann hat eng fest Aarbecht als Aarbechter op der Goodyear.

Hie war a senger Jugend Museker an huet an der Band “Exchange” gespillt, déi hien matgegrënnt an opgebaut huet.

 Mä d’Enquêteuren stoussen op Detailer, déi si intrigéieren.

 

Privatdetektiv a Call Boy

Den Antonio Carta hat eng Lizenz als Privatdetektiv an huet sech um Internet an a Zeitungen als Call Boy ugebueden.

War hien op déi falsch Persounen gestouss? Huet hien d’Nues an eppes gestach, wat him zum Verhängnis ginn ass?

Den Zoufall spillt bei der Enquête eng grouss Roll.

Den Antonio Carta hat nämlech och eng fest Frëndin, déi hien schonns a senger Jugend als Museker kennegeléiert huet.

24 Stonne nodeems den Antonio Carta dout zu Longlaville fonnt gi war, rifft der Frëndin hir Mamm bei der Police un, fir sech iwwert den Antonio ze beschwéieren.

Den Antonio géif hir Duechter menacéieren. Hien hätt gesot, hie wéilt si erschéissen a verbrennen.

Do ass bei der Police de Frang gefall.

 Erschéissen a verbrennen! Deen Szenario huet sech am Mordfall “Antonio Carta” genee esou ofgespillt.

 D’Enquêteuren ruffen d’Frëndin vum Antonio op de Büro.

 Vun do un entwéckelt sech eng Geschicht, déi den Enquêteuren hir Virstellungskraaft sprengt.

 Si stelle fest, dass Frëndin- si heescht Corinne- direkt um Mord bedeelegt ass. Si ermëttele weider, dass eng Frëndin vum Corinne och an de Fall verwéckelt ass.

 A si stoussen op e Mann, deen den 2 Fraen eng Waff geliwwert huet.

 

Mordfäll:13% Fraen als Täter

E Mord mat Bedeelegung vun Fraen: Dat ass déi grouss Ausnam an der Lëtzebuerger Kriminalgeschicht.

Mord ass eigentlech eng Männerdomaine.

Zënter 1990 sinn zu Lëtzebuerg an nëmmen 13% vun den Mordfäll Fraen direkt implizéiert.