LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 21"#allez_lifty"

Réalisatioun: Christian Neuman

Episod: "#allez_lifty" (11.03.2018)
Iwwert de Bodybuilding zur gudder Fee an de soziale Medien.

Dem Jennifer Ries säin Dagesoflaf ass streng organiséiert: Cardio, Gewiichter drécken, Fitness, op d'Iessen oppassen... alles dat nieft sengem eigentlechen Job am Sportsministère. A senger Fräizäit verwandelt d’Jenni sech nämlech an d' “Lifting Fairy”, a bereet sech op de Miss Bikini Wellness Championnat vir. Ee volle Programm, dee seng Fans an de soziale Medien kënne verfollegen. Hei schwätzt hatt net nëmmen vu sengen Erfolleger, mee och vu sengem Kampf géint Iwwergewiicht, a wéi de Bodybuilding him hëlleft sech wuel a sengem Kierper ze spieren.

Iwwert de Christian Neuman

No engem Bachelor am Media Design a Studien an Däitschland an an den USA, mëscht de Christian Neuman e Master op der London Film School. Hie schafft als onofhängegen Artiste, Scénariste a Realisateur zu Lëtzebuerg an zu London. 2007 realiséiert a produzéiert hien d’Kultur Emissioun ART7 fir de Sender T.TV zu Lëtzebuerg. Tëscht 2009 an 2011 realiséiert a produzéiert de Christian verschidden Documentaire an Afrika, fir d’ONG S.O.S. Faim an d’Europäesch Kommissioun. Hie realiséiert a produzéiert eng Rei Kuerzfilmer, Videoclippen an experimentell Filmer. Mat iwwer 50 offizielle Selektiounen op internationale Festivaler konnt de Christian verschidde Präisser gewannen, wéi beschte Realisateur oder beschte Film. De Christian ass och nach den artisteschen Direkter vun der prêt-à-porter’s Marque “Belle Sauvage”.