LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 2“Histoire d'O”

Réalisatioun: Jacques Molitor

“Histoire d'O” (16.09.2018)
Duerch Witzer an Erzielungen baut eng jonk Rumänin sech hiir Identitéit nei op.

Wann d'Oana mat sengem Job bei enger Investissementsfirma um Kierchbierg fäerdeg ass, fänkt een aneren Deel vu sengem Liewen un. Den dréchenen Alldag mécht Plaz fir di kléng Bühn. Zesumme mat enger konterbonter Band vun Expatriéierten, huet si eng  "Stand-up comedy" Grupp op d’Bee gestallt, di reegelméisseg a Café’en uechtert d'Stad optrieden. Hei gëtt gelaacht an nogeduecht: iwwer Männer a Bezéiungen am Allgemengen, an iwwert d'Liewen als Expat zu Lëtzebuerg. Et entseet net nëmmen e satirescht Spigelbild vun eiser Gesellschaft, mee dës Erzielungen hëllefen der jonker Rumänin och, sech eng nei Identitéit an enger neier Heemecht opzebauen.



Iwwert de Jacques Molitor

De Jacques Molitor (gebuer 1980) schléisst 2005 säi Studium als Realisateur um Institut des Arts de Diffusion (IAD) an der Belge of. Säi Kuerzfilm En compagnie de la poussière gëtt 2008 ënner anerem fir de prestigiéise Locarno Film Festival selectionnéiert. Zënterhier huet de Jacques Molitor e weidere Kuerzfilm (Bonobo), en Documentaire fir de Kino (Sweetheart Come) an de Spillfilm Mammejong erausbruecht - Filmer, déi sech oft mat zerstéieresche Bezéiunge befaassen. Op enger mi liichter Note organiséiert de Jacques mam Govinda Van Maele ënnert dem Numm “Cinélunatique” Projektiounen vun B-movies an der Stater Cinémathéik. No den Episoden "Friem Kierper", "De Som vum Liewen" an "Meng Heemecht", ass “Histoire d’O” dem Jacques seng véiert Réalisatioun fir routwäissgro.