LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 3“E Gefill fir Roboter”

Réalisatioun: Charlotte Bruneau

E Gefill fir Roboter (07.10.2018)
D’Aida an hiere Mann entwéckelen zesummen Roboter di Kanner mat Autismus begleeden.

Aus der Liebesgeschicht tëscht dem Aida an dem Pouyan entsteet de Roboter QT ("cutee"). D’Aida huet 2013 den Iran verlooss, fir senger Jugendléift nozereesen, dem Pouyan, deen zu Lëtzebuerg studéiert huet. Hei däerf hatt awer säi Beruff, Medezin, net ausüben. D’Koppel entscheet, zesummen e Projet op d’Been ze stellen an domat béid hir Leidenschaften ze verbannen: Robotik a Medezin. Kuerz drop kënnt de QT op d’Welt, e Roboter dee Kanner mat Autismus therapeutesch begleet. Onermiddlech schaffen dem QT seng Eltere un hirer Start-up, déi séier emblematesch gëtt, fir eng nei Zort vu lëtzebuerger Economie. D’Aida ass determinéiert seng Roboter ronderëm d’Welt ze schécken, mee gläichzäiteg fält et him net ëmmer einfach, se goen ze loossen.



Iwwert d'Charlotte Bruneau

D’Charlotte Bruneau huet säin éischten Documentaire “Mila Tu” 2009 an Tansania realiséiert. Hatt huet Politik a Sprooche studéiert, a sammelt zënterhier Wieder, Téin a Biller aus aller Welt. Hatt huet dräi Joer am Libanon gewunnt an ass haut zu Berlin a Lëtzebuerg doheem. Hatt schafft als Freelance Journalist fir lëtzebuergesch an international Medien an huet och Doku-reportagë fir Al-Jazeera realiséiert. Zurzäit entwéckelt hatt e neie Feature Dokumentarfilm, “Inside Out”. “E Gefill fir Roboter” ass no „De roude Fuedem“ seng zweet Realisatioun fir d’Serie “routwäissgro”.