LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 4“Alles ass Energie”

Réalisatioun: Michel Tereba

Alles ass Energie (28.10.2018)
De Laurent versicht mat fräier Energie, d'Welt ze befreien

De Laurent ass Informatiker. A senger Fräizäit besicht hien Kierfechter fir mat moderne Methoden Kontakt mat den Doudegen opzehuelen. Hie baut Maschinnen déi fräi Energië generéiere soll, a léiert Remote Viewing. Alles fir mat Energie d'Welt ze verbesseren.



Iwwert de Michel Tereba

De Michel Tereba ass zanter 1999 an der lëtzebuerger Filmwelt täteg. Nodeems hien all d’Etappen vun de Filmaktivitéiten duerchgaangen ass, vun Toun iwwer Kamera bis Montage, huet hien sech op Realisatioun a Schauspillerei spezialiséiert. Vu Musikvideoen iwwer Fiktiounsfilmer (Zombie Film, Scarlet Anger, Date-Lech) huet hien säi Parcours mat Documentairen (D’Preise së rëm zréck – Alamo zu Cliärref) weidergefouert. « Alles ass Energie » ass dem Michel Tereba seng 4. Episod vun der Serie routwäissgro