LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 7“Brain is cool”

Réalisatioun: Laura Schroeder

“Brain is cool” (03.02.2019)
En Abléck an d’Liewen vun enger jonker Gehirfuerscherin.

D’Lisa ass jonk Fuerscherin op der Uni zu Belval. Am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) entwéckelt hatt, zesumme mat senge Kollegen, e Modell fir Parkinson besser ze erfuerschen, unhand vu winzegen Zellkulturen, sougenannten Mini-Gehirer.

Mir tauche mat him an, an dës wëssenschaftlech Welt, wou di professionell Carrière enk verbonnen ass mat de Publikatiounen vun den Resultater vun der Recherche. “Publish or perish” wei een ënner Fuerscher seet. Dat ass just eng vun den Erausfuerderungen mat deenen d’Lisa konfrontéiert ass.



Iwwert d'Laura Schroeder

No Studien zu Paräis an zu London, schreift a realiséiert d’Laura zwee Kuerzfilmer, Senteurs (2008) an Double Saut (2011), déi allenzwee a villen internationale Festivaler gewise ginn. 2009 creéiert d’Laura Luxtime – Jacques Tati revisited am Théâtre National du Luxembourg. D’Stéck gëtt och um Festival zu Avignon gewisen. 2012 dréint hatt säin éischte Spillfilm, Schatzritter – An d’Geheimnis vum Melusina, souwéi zwou Folge fir d’Sitcom Comeback.   2016 inszenéiert hatt Das Ding aus dem Meer am Kapuzinertheater mat ënnert anerem dem Désirée Nosbusch an dem Luc Feit. Säin zweete Spillfilm Barrage, mam Lolita Chammah an Isabelle Huppert, feiert 2017 seng Weltpremière op der Berlinale. No ville groussen Festivaler, gët de Film gewielt fir Lëtzebuerg 2017 bei den Oscaren ze representéieren. E gët och vill am Ausland verkaaft (a Frankräich, Italien, Brasilien, China, Russland…). Am Moment preparéiert d’Laura säin nächste Spillfilm Maret.