LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 13"An engem anere Land"

Réalisatioun: Eric Lamhène

An engem anere Land (08.11.2015)
De Suhail ass Syrier a lieft zesumme mat senger Famill elo scho säit engem Joer
zu Lëtzebuerg.

De Suhail ass Syrier a lieft zesumme mat senger Famill elo scho säit engem Joer

zu Lëtzebuerg. Seng Kanner ginn an d’Schoul. Seng Fra an hien och. Si probéieren sech esou gutt wéi méiglech unzepassen, mä esou einfach ass dat net. Si schwätzen net nëmmen eng komplett aner Sprooch, mä hunn och eng aner Kultur, eng aner Relioun an aner Gewunnechten.

“An engem anere Land” begleet de Suhail a seng Famill an hirem neie Liewen zu Lëtzebuerg – e Liewe geprägt vun der Hoffnung op eng besser Zukunft an der Erënnerung un déi traumatesch Erliefnisser déi zwar hannert hinne leien, mä déi hir Familljen a Landsleit weiderhin dagdeeglech erdroe mussen.

Iwwert de Eric Lamhène

Den Eric Lamhène (gebuer 1983) huet 2010 säin Ofschloss op der London Film School gemaach. Zënterhier huet hie véier Kuerzfilmer a lëtzebuergescher Sprooch gedréit: “Lauschter” (2010), “Flou” (2012), “Gëff Eens” (2013) a “Serena” (2014).

Hien huet un der RTL-Sitcom “Comeback” matgeschriwwen an och bei véier Episode Regie gefouert. Hien huet zesumme mam Jacques Molitor deem säi Spillfilm “Mammejong” geschriwwen.

D’Serie “routwäissgro” ass säin éischten Exkurs an den Dokumentarfilm.