LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 23"Eng Familljesaach"

Réalisatioun: Rui Eduardo Abreu

"Familljesaach" (22.05.2016)
Am Michel senger Famill dréit sech alles em d'Juegd. Et geet een op d'Juegd fir de Spaass un der Saach, fir zesummen ze sinn, aus Traditioun.

Am Michel senger Famill dréit sech alles em d'Juegd. Et geet een op d'Juegd fir de Spaass un der Saach, fir zesummen ze sinn, aus Traditioun. D'Erënnerungen an d'Bezéiungen an der Famill wiewen sech ronderëm dës Aktivitéit. Ma de Michel gëtt net méi jonk, an d'Welt ronderëm hien ass net am Aklang mat där vun der Juegd.

Wie vu sengen zwee Jongen iwwerhëlt d'Familljen-Traditioun? Tëscht de Frëndinnen déi dës Männergesellschaft op d'Kopp geheien, an d'Konkurrenz vun aneren Interessi, schéngt d'Transmissioun an der Famill net ofgeséchert.

Iwwert de Rui Eduardo Abreu

De Rui Eduardo Abreu ass gebuer 1981 a Portugal. No engem Studium an der Anthropologie huet hien zu Lussas op der Filmschoul e Master am Dokumentarfilm ofgeschloss. Während enger Rei Joren huet hien zu Paräis geschafft, wou hien Video-creatiounen fir den Theater realiséiert huet, a Cours'en an der "éducation à l'image" ginn huet.

Zesumme mam Thierry Besseling a Loïc Tanson huet hien den Dokumentar-Spillfilm "Eldorado" realiséiert. De Film erzielt d'Geschicht, vun den Hoffnungen an Enttäuschungen déi 4 lusophonen Immigranten iwwert eng Period vun 3 Joer zu Lëtzebuerg erliewen.