LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 10Doheem

Realisatioun : Linda Blaschette

Doheem (19.03.2017)
No ville Joren op der Strooss kritt den George eng Geleeënheet op en neit Liewen.

Den George ass 60 a Kanadier. Zanter méi wei 30 Joer ass hien zu Lëtzebuerg. Hie lieft op der Strooss. Seng Leidenschaft fir Fotografie, a säi staarke Glawen, hëllefen him duerch déi net ëmmer einfach Zäiten. No laangem Waarden kritt den George endlech d’Chance op eng eege Wunneng, eng Ëmstellung un déi hie sech mol gewinne muss…

Iwwert d'Linda Blaschette

No enger Maîtrise an der Konscht an engem Master a Filmrealisatioun op der « EICAR » zu Paräis, schafft d’Linda Blaschette zanter 2007 als Regie- a Kameraassistentin op diversen Produktiounen. Hatt realiséiert e puer Videoclippen an institutionnell Videoen, ënnert anerem fir den CNA. « Doheem » ass säin eischten Documentaire fir routwäissgro.