LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 11Eng Saach vun Zäit

Realisatioun : Anne Schiltz

Eng Saach vun Zäit (23.04.2017)
D'Catriona, eng englesch Iwwersetzerin, freet sech wéi säi Liewen zu Lëtzebuerg nom Brexit wäert weidergoen.

D’Catriona ass viru 15 Méint aus England op Lëtzebuerg geplënnert fir seng berufflech Carrière unzefänken: Traductrice beim Europäesche Parlament um Kierchbierg. Säin Talent fir Sproochen, seng Léift fir Musek a seng aussergewéinlech Hobbyen hunn him gehollef, sech séier anzeliewen a seng Frënn ze iwwerraschen. Et huet ëmmerhin net jiddweree Schleeken als Hausdéieren!  D’Catriona fillt sech hei am Land richteg doheem. Mee de Brexit steet virun der Dier...

Iwwert d'Anne Schiltz

D'Anne Schiltz huet Visuell Anthropologie studéiert, a schafft zanterhier als Realisatrice vun Documentairen. Zu senge Filmer gehéieren "e futtballspill am schnéi – erënnerungen un de roger manderscheid" an "Cello Tales".  Fir déi éischt Saison vun der Serie "routwäissgro" huet hatt "Ni ze spéit" realiséiert – en Documentaire iwwert de Marcel, dee geléiert huet, trotz ville Schwieregkeeten net opzeginn.