LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 13De Benni um Bass

Réalisatioun: Kim Schneider

De Benni um Bass (21.05.2017)
De Benni, Stammesältester vun der Museksband “Seed to Tree”, wëll et nach eng Kéier wëssen.

Mat senge 40 Joer ass de Benni den Eelsten an der Band “Seed to Tree”. Obwuel si national scho relativ bekannt sinn, wëllen d’Jonge méi: méi Concerten, méi bekannt ginn, méi vun der Musek liewe kënnen. Si prouwen haart, ginn op Tour an huelen en neien Album op. De Benni vergësst awer ni wou en hierkënnt: hien hëlleft senger Bomi reegelméisseg am Gaart, verdéngt säi Liewensënnerhalt mat Guitarscoursen an organiséiert och weiderhin Underground-Concerten. Ëmmer mam groussen Ziel virun Aen : op der Bühn stoen a voll a sengem Element sinn.

Iwwert d'Kim Schneider

No engem Sprooche-Studium zu Köln, huet d’Kim Schneider säi Wee 2011 an d’Lëtzebuerger Film- a Fernsehwelt fonnt. Si huet déi vum Lëtzebuerger Filmfong a vun RTL co-finanzéiert Sitcom “Comeback” mat entwéckelt a geschriwwen. D’Kim huet duerno a verschidden Departementer vum Film geschafft, an dréint deemnächst säin éischte Kuerzfilm. "De Benni um Bass" ass säi véierten Documentaire fir routwäissgro.