LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 15Vanda

Réalisatioun: Guig Jost

"Vanda" (25.06.2017)
Eng extravagant Coiffeuse am Gespréich mat hire Clienten.

D'Vanda Denter Freitas ass Coiffeuse um Knuedler, am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg. Een ustrengende Beruff, deen déi extravagant Fra mat groussem Engagement op extrem héijen Talléckeschung bewältegt. Am Gespréich mat hire Clienten, schielt sech lues a lues de Portrait vun enger erstaunlecher Fra eraus.

Iwwert d'Guig Jost

No hirem Studium op der Bréisseler Konschtakademie lieft d’Guig Jost als selbststänneg Grafikerin zu Lëtzebuerg. Parallel schafft si iwwert zwanzeg Joer als Regisseurin an der Kulturfabrik, am Kapuzinertheater an am Théâtre du Centaure. Zanter 2012 schreift si als Co-Auteur mam Bady Minck um Dréibuch fir de Spillfilm «1313 - Dem Dante säi Keeser» an un «Triplette» engem eegenen Spillfilm-Projet. «Vanda» ass hiren éischten Documentaire.