LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 17“Classe d'accueil”

Réalisatioun: Yann Tonnar

Episod : "Classe d'accueil" (15.10.2017)
L'intégration au quotidien: les défis d'une classe d'accueil

De Max Fischbach ass Proff an enger "classe d'accueil". Kanner vun allen Nationalitéiten déi viru kuerzem am Land ukomm sinn, ginn hei ënnert anerem d'Sproochen geleiert, fir se duerno kënnen an den normalen Schoulsystem z'integréieren. Eng schwiereg Situatioun, wann ee weess dass d'Kanner doheem arabesch, farsi, portugisesch oder chinesesch schwätzen, a mat all hirem Bagage hei ukommen. Am Ëmgang mat de Kanner an hiren Elteren, sëtzt de Max quasi un der Schnëttstell vun de Kulturen, an erlieft Integratioun net als eidelt Wuert, mee als dagdeeglechen Challenge.

Iwwert de Yann Tonnar

De Yann Tonnar ass de creative producer vun der Serie routwäissgro. Als Realisateur huet hien sech en Numm gemaach mat enge sëllechen Dokumentarfilmer (Schrebergaart, Weilerbach, De Bopebistro Tour,...). Hien dréit reegelméisseg Videoclippen, mécht geleeëntlech Zesummenaarbechten mam Theater a mat der Konschtwelt (Atelier Luxembourg), an huet bei der Sitcom Weemseesdet matgeschriwwen a matrealiséiert. No Studien an der Literatur, an engem Master's a Visueller Kultur zu London, fängt hien un als Reporter bei RTL Télé Lëtzebuerg. Duerno mécht en ee Joer op der New York Film Academy, an etabléiert sech definitiv als onofhängegen Realisateur. Hien ass Generalsekretär vum LARS, der Lëtzebuerger Associatioun vun de Realisateuren a Scénaristen.