LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 18“Waat iwwreg bleift”

Réalisatioun: Serge Wolfsperger

Episod: "Wat iwwreg bleift" (05.11.2017)
En Awunner aus der eenzeger Residenz, déi um Hamilius stoe blouf, léiert de Chef-chantier vun niewendru kennen.

Lues a lues ginn d'Aarbechten virun um grousse Chantier Royal-Hamilius. Den Achille Villa, Chefchantier, behält d'Situatioun am Aen. Just niewendrun, um boulevard Royal, steet en eegenaartegt Gebai, wat vun der Demolitioun verschount blouf. Hei wunnt, zanter senger Konstruktioun an de 60'er Joren, den Arnaldo Ferragni. D'Integratioun vum Gebai an den zukünftegen centre Royal- Hamilius veronséchert hien. Hien hänkt u sengem Appartement, a fäert seng Erënnerungen géife verschwannen. Duerch seng Begéinung mam Achille Villa, léiert hien d'Welt vun der Konstruktioun kennen. Schonns dem Achille säi Papp war Chef-chantier, an hie wënscht sech dass säi Fils, dee Maschinist ass, dee selwechte Wee aschléit. Eng improbabel Begéinung tëscht dem fréieren EUFonctionnaire Arnaldo Ferragni, eng lieweg Mémoire vum Quartier, an der Famill Villa, Bauaarbechter iwwer Generatiounen. Eng Begéinung tëscht Traditioun a Modernitéit, tëscht Vergaangenheet an Zukunft.

Iwwert de Serge Wolfsperger

De Serge Wolfsperger (Wolf) ass zanter 1986 Schauspiller am Kino an um Theater, a Frankräich, Däitschland an zu Lëtzebuerg. Hien huet matgewierkt a Filmer vum Andy Bausch (Troublemaker, Awop bopaloobob...), Pol Cruchten (Black Dju, Les brigands...), Eric Rohmer, Raul Ruiz an Egon Günther (ëa). Zanter engem Master am Cinema op der Sorbonne, an enger Ausbildung am Szenario mam John Truby (Anatomie du cinéma), weiht hien sech dem Schreiwen an der Realisatioun. Hien huet a Frankräich Dokumentar- a Fiktiounsfilmer realiséiert, dorënner Tant que tombera la neige (Prix Beaumarchais du scénario), an zu Lëtzebuerg Le miroir des apparences (mat der Ënnerstëtzung vum Film Fong).