LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 11"Ni ze spéit"

Réalisatioun: Anne Schiltz

Ni ze spéit (11.10.2015)
De Marcel geet am Erwuessenenalter erëm an d'Schoul. Richteg liesen a schreiwe léieren ass net einfach.

De Marcel geet am Erwuessenenalter erëm an d'Schoul. Richteg liesen a schreiwe léieren ass net einfach, mee et erméiglecht him, d'Erënnerungen u seng schwéier Kandheet besser ze verschaffen. «Ni ze spéit» ass e Portrait vun engem Mann, dee geléiert huet, trotz ville Schwieregkeeten net opzeginn. 

Iwwert d'Anne Schiltz

D'Anne Schiltz huet Visuell Anthropologie studéiert, a schafft zanterhir als Realisatrice vun Documentairen. Zu senge Filmer gehéieren «e futtballspill am schnéi – erënnerungen un de roger manderscheid» an «Cello Tales», deen op enger Rei vu Filmfestivale gewise gouf.