LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 2"D’Liewen ass schéin"

Réalisatioun: Kim Schneider

"D’Liewen ass schéin" (09.10.2016)
D'Cecile an de Fanclub vum Rudy Giovannini reesen an de Südtirol, wou si de Schlager, Italien an d'Liewen feieren.

D’Cecile ass Presidentin vum „Fanclub roude Léiw“, de lëtzebuerger Fanclub vum Rudy Giovannini, e charismatesche Schlagersänger aus dem Südtirol. Eemol am Joer reesen si mam Bus am Rudy säin Heemechtsduerf, fir do hiert Idol hautno z’erliewen.

“D'Liewen ass schéin”, exploréiert dem Cecile Brands a sengem Fanclub hir Welt am idylleschen Südtirol, wou si den Alldag vergiessen an sech ganz dem Rudy Giovannini an der Freed um Liewen widmen kennen. Avanti!

Iwwert d'Kim Schneider

No engem Sprooche-Studium zu Köln, huet d’Kim Schneider säi Wee 2011 an d’Lëtzebuerger Film- a Fernsehwelt fonnt. Si huet déi vum Lëtzebuerger Filmfong a vun RTL co-finanzéiert Sitcom “Comeback” mat developpéiert a geschriwwen. D’Kim huet duerno a verschiddenen Departementer vum Film geschafft, an ee Kuerzfilm geschriwwen. "D’Liewen ass schéin" ass hiren drëtten Documentaire fir routwäissgro.