LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 3"Den Dram vum groussen Duerchbroch"

Réalisatioun: Michel Tereba

"Den Dram vum groussen Duerchbroch" (06.11.2016)
Den eenzege lëtzebuerger Wrestler sicht no senger Plaz an enger däitscher regional Liga.

Den Arno ass nieweberufflech Wrestler. Reegelméisseg fiert hien 900 km fir an enger däitscher regionaler Wrestling Liga Showkämpf ze liwweren. Am Géigesaz zu sengen zwou Schwësteren déi hire Wee am Studium fonnt hunn, sicht hien seng Erfëllung a sengem Sport. Seng Elteren sollen des Kéier fir d'éischt matgoen. Mat enger Mëschung aus Selbstinszenéierung an enger grousser Sensibilitéit lieft hie säin Dram an hofft op de groussen Duerchbroch.

Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag. Den Zuschauer kritt esou e ganz intimen Abléck an d'Liewe vun där Persoun - seng Dreem a seng Konflikter - an an d'Communautéit an där hie lieft. All Episod gëtt vun engem anere Réalisateur proposéiert. Routwäissgro bréngt 20 lëtzebuerger Réalisateuren zesumme fir e Liicht ze werfen op déi vill verschidden Nuancë vu Lëtzebuerg a senge Leit.

Produzéiert vu Calach Films
Zesumme mam Kollektiv 13

Iwwert de Michel Tereba

De Michel Tereba ass zanter 1999 an der lëtzebuerger Filmwelt täteg. Nodeems hien all d’Etappen vun de Filmaktivitéiten duerchgaangen ass, vun Toun iwwer Kamera bis Montage, huet hien sech op Realisatioun a Schauspillerei spezialiséiert. Vu Musikvideoen iwwer Fiktiounsfilmer (Zombie Film, De Bommeleeër, Date-Lech) huet hien säi Parcours mat Documentairen (RWG: No der Schoul, D’Preise së rëm zréck – Alamo zu Cliärref) vervollstännegt.