LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 4Meng Heemecht

Réalisatioun: Jacques Molitor

Meng Heemecht (06.11.2016)
Joe Thein : e jonken ADR Politiker tëscht Kontrovers, Iwwerzeegung a Contradictiounen.

Mat fënnefanzwanzeg Joer representéiert  de Joe Thein d’jonk Hoffnung vun der Oppositiounspartei ADR. Als selwer ernannten Nationalkonservativen sëtzt hien och zanter fënnef Joer am Gemengerot zu Péiteng. Di europa- an islamkritesch Meenungen di de Joe vertrëtt ginn oft als rietsextrem  verstanen - wat hien als medial Zensur ofdeet. Gläichzäiteg ass de Joe homosexuell an äussert de Wonsch enges Dages Kanner ze adoptéieren , wat an direktem Konflikt mat der Linn  vu senger Partei steet. Wéi geet  hien mat dësem Dilemma ëm? « Meng Heemecht » begleet de kontroverse Politiker a sengem Beruffs- a familiären Alldag  a probéiert Äntwerten ob des Froen ze fannen.    

Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag. Den Zuschauer kritt esou e ganz intimen Abléck an d'Liewe vun där Persoun - seng Dreem a seng Konflikter - an an d'Communautéit an där hie lieft. All Episod gëtt vun engem anere Réalisateur proposéiert. Routwäissgro bréngt 20 lëtzebuerger Réalisateuren zesumme fir e Liicht ze werfen op déi vill verschidden Nuancë vu Lëtzebuerg a senge Leit.

Produzéiert vu Calach Films
Zesumme mam Kollektiv 13

Iwwert de Jacques Molitor

De Jacques Molitor (gebuer 1980) schléisst 2005 säi Studium als Realisateur um Institut des Arts de Diffusion (IAD) an der Belge of. Säi Kuerzfilm En compagnie de la poussière gëtt 2008 ënner anerem fir de prestigiéise Locarno Film Festival selectionnéiert. Zënterhier huet de Jacques Molitor e weidere Kuerzfilm (Bonobo), en Documentaire fir de Kino (Sweetheart Come) an de Spillfilm Mammejong erausbruecht - Filmer, déi sech oft mat zerstéieresche Bezéiunge befaassen. Op enger mi liichter Note huet de Jacques zesumme mam Govinda Van Maele ënnert dem Numm “Cinélunatique” bis 2014 eng Rëtsch "Trashfilm" Projektiounen an der Stater Cinémathéik organiséiert. 2015 huet hien dunn dem Kënschtler Serge Tonnar säin Musikprojet Bonjour an Awuer am Optrag vum Familljeministère visuell begleet. No den Episoden "Friem Kierper" an "De Som vum Liewen", ass "Meng Heemecht" dem Jacques seng drëtten Réalisatioun fir routwäissgro.