LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 5"Wat ee sech net alles undeet"

Réalisatioun: Chris Neuman

Wat ee sech net alles undeet (11.12.2016)
Ob Barbarin oder Cyber Roboter, d’Kelly sicht déi grouss Bühn mat senge selwer gebastelten Kostümer. Mee kann een zu Lëtzebuerg och dorauser e Beruff maachen?

D’Kelly bastelt Kostümer vu senge Lieblingshelden aus Computerspiller doheem am Keller zesummen. Dëst nennt ee Cosplay, an d’Kelly ass e Cosplayer aus Leidenschaft. Hatt wëll säin Dram liewen, a seng Passioun zum Beruff maachen. Säin éischte Kostüm vun der Barbarin aus dem Diablo 3 Computer Spill, mëscht et direkt bekannt an der Szene, an et gewënnt als éischte Lëtzebuergerin de Präis vum beschte Kostüm op der Gamescom Convention zu Köln.
En neie Kostüm ass an der Maach, an d’Kelly stellt sech eng zweete Kéier der internationaler Jury zu Köln op der Gamescom. Seng Mamm gleeft un et, an ënnerstëtzt et sou gutt et geet. Mee kann et nach eng Kéier iwwerzeegen, a wéi geet dem Kelly säin Dram vun der grousser Carrière weider?

Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag. Den Zuschauer kritt esou e ganz intimen Abléck an d'Liewe vun där Persoun - seng Dreem a seng Konflikter - an an d'Communautéit an där hie lieft. All Episod gëtt vun engem anere Réalisateur proposéiert. Routwäissgro bréngt 20 lëtzebuerger Réalisateuren zesumme fir e Liicht ze werfen op déi vill verschidden Nuancë vu Lëtzebuerg a senge Leit.

Produzéiert vu Calach Films
Zesumme mam Kollektiv 13

Iwwert de Christian Neuman

No engem Bachelor am Media Design a Studien an Däitschland an an den USA, mëscht de Christian Neuman e Master op der London Film School. Hie schafft als onofhängegen Artiste, Scénariste a Realisateur zu Lëtzebuerg an zu London. 2007 realiséiert a produzéiert hien d’Kultur Emissioun ART7 fir de Sender T.TV zu Lëtzebuerg. Tëscht 2009 an 2011 realiséiert a produzéiert de Christian verschidden Documentaire an Afrika, fir d’ONG S.O.S. Faim an d’Europäesch Kommissioun. Hie realiséiert a produzéiert en Rei Kuerzfilmer, Videoclippen an experimentell Filmer. Mat iwwer 50 offizielle Selektiounen op internationale Festivaler konnt de Christian verschidde Präisser gewannen, wéi beschte Realisateur oder beschte Film. De Christian ass och nach den artisteschen Direkter vun der prêt-à-porter’s Marque “Belle Sauvage”.