LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 6De Marathon vum Glawen

Réalisatioun: Geneviève Mersch

De Marathon vum Glawen (11.12.2016)
Mam Dulce zu Fouss vu Lëtzebuerg op Wolz, bei d'Muttergottes vu Fatima.

Zanter 20 Joer pilgert d'Dulce eemol am Joer, zesumme mat portugisesche Bekannten, vun der Stad op Wolz, bei d'Muttergottes vu Fatima. 2 Deeg fir 60 km - dat ass net esou einfach. Ee Joer reent et riicht eran, dat anert Joer brennt d'Sonn, d'Blodere ploen een.... Firwat maachen se dat? Aus Gewunnecht? Fir hire Glawen auszedrécken? Well se der Muttergottes eppes versprach hunn? routwäissgro ass deene Froen nogaang, an dofir di 60 km matgaang.

Iwwert d'Geneviève Mersch

Nom Ofschloss vun hire Studien als Réalisatrice op der IAD an der Belge, huet d'Geneviève Mersch d'Dokumentarfilmer "Le Pont Rouge", "Roger", "Sentimental Journey", "Iwwer an eriwwer" ("Au milieu coule une frontière") a "Plein d'essence" gedréit. Si huet och Kuerzfilmer réalisaéiert ("John" an "Verrouillage central"), souwei de long-métrage "J'ai toujours voulu être une sainte".