LU FR Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.

Dës Staffel ass och am HD ze kréien

Chaque documentaire est disponible en version française sous-titrée

routwäissgro: Episode 8Ech wëll bleiwen wien ech sinn

Réalisatioun: Catherine Richard

Ech wëll bleiwen wien ech sinn (15.01.2017)
Dem Akbar, engem indeschen Expat an Homosexuellen, ass säin Adoptiounsland un d'Häerz gewuess, hien iwwerleet sech Lëtzebuerger ze ginn.

Den Akbar, en indeschen "Expat", lieft zanter méi wei 4 Joer zu Lëtzebuerg an huet eng gewësse Léift fir säin Adoptiounsland entwéckelt. Nieft senger Aarbecht bei Amazon, bitt hien sengen Aarbechtskollegen visite guidéeën vun der Stad un. Hien huet sech d’lëtzebuerger Devise ugëeegent: "Mir wëlle bleiwe wat mir sinn". Den Akbar ass homosexuell, a fir hien ass et wichteg ze bleiwen wat hien ass, a seng Identitéit offen kënnen ze liewen. An Indien, e Land wat em ëmmer nach staark um Häerz läit, wier dat net méiglech.  D’Zäit vun engem Summer komme seng Elteren op Besuch, an hie weist hinnen säi Lëtzebuerg. Hie géing gären Lëtzebuerger ginn, a versicht seng Elteren an dës Entscheedung z’implizéiren.

Iwwert d'Catherine Richard

No enger Maîtrise an "études cinématographiques et audiovisuelles" op der Sorbonne Nouvelle am Joer 1999, mëscht d’Catherine Richard seng éischt Schrëtt am audiovisuelle Beräich als Dokumentalistin, an a verschidden Departementer op Filmproduktiounen. 2002 gewënnt et den "Prix Kieslowski" fir d’Dréibuch vun sengem éischte Kuerzfilm "Laterna Magica". Seng eklektesch Carrière als "Filmemaacherin" ass lancéiert. Hatt corealiséiert säin éischten historeschen Dokumentarfilm "Ons Arméi" zesumme mam Tom Alesch, a realiséiert kuerz drop "Ëmmer bereet", dee sech mat der Geschicht vum Scoutissem zu Lëtzebuerg beschäftegt. D’Catherine interesséiert sech scho méi laang fir Sujeten déi mam Thema vun der Migratioun ze dinn hunn, ënnert anerem mat der Konfrontatioun vum Migrant mat sengem Adoptiounsland. Fir déi éischt Saison vu routwäissgro, huet hatt d'Episod "Den Ebrima am Pescatore" realiséiert, déi engem jonken aide-soignant aus Gambien an der Fondation Pescatore begleet.