Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag. Den Zuschauer kritt esou e ganz intimen Abléck an d'Liewe vun där Persoun - hir Dreem an hir Konflikter - an an d'Communautéit an där se lieft. All Episod gëtt vun engem anere Réalisateur proposéiert. Routwäissgro bréngt 20 lëtzebuerger Réalisateuren zesumme fir e Liicht ze geheien op déi vill verschidden Nuancë vu Lëtzebuerg a senge Leit.

De K-13 ass e Kollektiv vun 13 onofhängege lëtzebuerger Réalisateuren déi zesummen d’Konzept vun der Serie „routwäissgro“ ausgeschafft hunn.

All Member vum Kollektiv realiséiert eng oder zwou Episoden. Den Challenge dobäi ass, de perséinleche Stil an den eegene Bléck als Realisateur a seng Episod afléissen ze loossen, a sech gläichzäiteg un eng Rei Parameteren ze halen, déi fir jiddereen d’selwecht sinn. Am wichtegsten ass, dass all Episod sech am gelieften Alldag vun enger oder méi Persounen ofspillt, ouni dass Interviewe gemaach ginn an ouni eng Kommentarstëmm. Esou, wéi wann een als Spectateur „live“ derbäi wier.

De K-13 dat sinn: de Rui Eduardo Abreu, den Tom Alesch, den Thierry Besseling, den Eric Lamhène, de Jacques Molitor, d’Anne Schiltz, d’Kim Schneider, de Jean-Louis Schuller, d’Laura Schroeder, de Loïc Tanson, de Michel Tereba, de Yann Tonnar an de Govinda van Maele

Während d’Konzept sech weiderentwéckelt huet, goufen zousätzlech Réalisateuren invitéiert, fir jeeweils eng eegen Episod bäizesteieren: d’Ayshea Halliwell, de Max Jacoby, de Claude Lahr, d’Ann Sophie Lindström, d’Catherine Richard, de Raoul Schmitz an d’Julie Schroell.