Famillenduell
Famillenduell

Mat dem Famillenduell gëtt et vun elo un och hei zu Lëtzebuerg e richtege Gameshow-Klassiker.

De Famillenduell kënnt op der Télé, vu Méindes bis Donneschdes tëscht 18h30 an 18h55 a gëtt vum Dan Spogen presentéiert (Rediffusioun um 20h00 um 2.RTL a Freides vun 20h00 un op RTL Télé Lëtzebuerg).

De Prinzip vum Spill lued jidderee a fir matzeroden, ass spannend bis zum Enn, suergt ëmmer nees erëm fir Iwwerraschungen an ass dacks immens lëschteg.

Zwou Famille mat all Kéier 5 Memberen triede géinteneen un, woubäi eng Persoun de Kapitän vun der jeeweileger Equipe ass.

100 Leit goufe gefrot an et ass un de Matspiller déi heefegst Äntwerten op déi verschidde Froen ze fannen. Zum Beispill: Mir hunn 100 Leit gefrot ... Nennt eis en Déier wat gro ass! Nennt eis eng Stad déi mat engem Buschtaf "K" ufänkt! Nennt eis eppes wat Dir mat op eng einsam Insel géift mathuelen! D'Punktenzuel déi herno ugewise gëtt, ass d'Zomm vun deenen Äntwerten déi eis déi 100 Leit ginn hunn. D'Top-Äntwert ass déi Äntwert mat der héchster Punktenzuel.

Den Duell geet am ganzen iwwert 4 Ronnen. Déi Famill, déi no der 4. Ronn, déi meeschte Punkten huet, kënnt an d'Finall, spillt fir 2000 Euro an ass bei der nächste Folleg den "Champion", géint deen nees en Erausfuederer untrëtt. Packt eng Famill et fir 5 Mol hannerteneen an der Finall ze sinn, da spillt dës Famill fir en Haaptgewënn, 10.000€ Cash plus eng Dramvakanz am Wäert vun 10.000€ offréiert vu LuxairTours.

Extraiten aus de leschten Emissiounen

Formulaire fir sech unzemellen:

Mann Fra





INFORMATIOUNEN IWWERT ÄR FAMILL


WEE MÉCHT MAT? GITT 6 KANDIDATEN AUS ÄRER FAMILL (inkl. Iech) HEI UN

1. FAMILLEMEMBER = SPRIECHER (DAT SIDD DIR!)

2. FAMILLEMEMBER

3. FAMILLEMEMBER

4. FAMILLEMEMBER

5. FAMILLEMEMBER

6. RESERVE-FAMILLEMEMBER*

* E Famillenteam besteet aus 6 Memberen (engem Spriecher – also Dir – a 5 weidere Famillememberen). Déi 6. Persoun, déi Dir hei aginn hutt, ass e Reserve-Spiller, deen nëmmen am Noutfall asprange kann.




Fir matzemaachen

Passt w.e.g. op, datt nëmme Leit, déi um Datum vum Casting 16 Joer hunn, bei der Emissioun matmaache kënnen. Ausserdem mussen och 2 Membere vum Team volljäreg sinn.

Déi Leit, déi beim Famillenduell matmaache wëllen, mussen ënnert sech ënnert iergendenger Form verwandt sinn (Schwoer, Schwéiesch, Cousin(e), Geschwëster, Elteren a Grousselteren.... )

Dës Aschreiwung ass nach keng Garantie, datt Dir beim Casting oder bei der Produktioun vun der Sendung dobäi sidd.

All Bild- an oder Tounopnamen, déi Dir RTL bei der Aschreiwung matgitt oder zoukomme loosst, gehéieren RTL a ginn net nees zeréckgeschéckt. Dëst Material ka weiderhi vun RTL fir Promotiounszwecker benotzt ginn.

OK


Dateschutz

All Är Informatiounen, déi gespäichert ginn, gi vertraulech behandelt a just fir d’Aschreiwung gebraucht a ginn a kengem Fall un Drëtter weiderginn. All gespäichert Donnéeën ënnerleien dem Lëtzebuergeschen Dateschutz. Weider Informatiounen fannt Dir an eise Conditions d’Utilisation.

OK