Yannick Schroeger

De Yannick (20) ass amfong duerch d’Molerei un d’Fotografie komm. Zanter Jore schonn huet hien eng grouss Passioun fir realistesch Zeechnungen déi en unhand vu Fotoe mécht. Mat senge Biller erzielt hien Geschichten déi Charakter a Stäerkt hunn. Säin Univers: schwaarz-wäiss Fotografie a staark Messagen. Hien wëll mat senger Fotografie intrigéieren, schockéieren, Tabue briechen. E jonken, kreative Kënschtler, dee vu sech schwätzen doe wëll!

www.yannickschroeger.com

Challenge 6: Dem Yannick säi Video (11.03.2017)
De Yannick mécht de Portrait vu senger Mamm, an erzielt domatt och d'Schwieregkeeten vun der Scheedung déi si zesummen duerchlieft hunn als Famill.


Kandidaten

Jury