Stéphane Pekala Colles

De Stéphane (22) studéiert d’Fotografie zu London op der “University of the Arts London”. Hien huet virun 10 Joer dermat ugefaangen a spezialiséiert sech an der Dokumentar- a Reportage-Fotografie. D’Foto ass fir hien eng Aart a Weis sech u Saachen z’erënneren a seng Ambitioun ass et och an deem Beruff, dee fir hien en Dramberuff ass, Fouss ze faassen. Hien reest gären, inspiréiert sech vun de Leit deenen hien op der Strooss begéint, an verstoppt gäre Messagen op poetesch Manéier a senge Fotoen. Och wann hie schonn am Ausland scho ganz aktiv ass, sou wënscht hien sech duerch Generation Art och hei am Land an der Fotografie Fouss faassen ze kënnen, an sech nei z’erfannen.

www.spc.lu
Challenge 6: Dem Stéphane säi Video (11.03.2017)
De Stéphane huet sech endscheed seng Schwëster ze portretéieren als Persoun déi him nosteet, an déi Erënnerungen z'erzielen déi si verbannen.

Kandidaten

Jury