Roxanne Peguet

D’Roxanne (25) huet ganz jonk mat der Molerei ugefaangen iert datt et mat 13, fir sech, eng nei Konscht-Forme entdeckt huet: D’Fotografie. Seng Fotoen zeechnen sech vrun allem duerch Momentopnamen. Eng Mikrosekonn festhalen ze kënne fir d’Éiwegkeet ass dat wat hat esou faszinéiert. No der Fotografie huet et dunn de Wee vum Film ageschloen. Haut schafft et och aktiv am Filmberäich hei zu Lëtzebuerg, ma hat de Wonsch och nees emol e Fotoapparat an de Grapp ze huelen, nom Motto “Back to the Roots”. Dat war dann och seng Motivatioun fir bei Generation Art mat ze maachen.

facebook.com/roakhzan

Challenge 6: Dem Roxanne säi Video (11.03.2017)
A sengem Video erzielt d'Roxanne d'Geschicht vun der Krankheet vu senger Mamm an an engems vun senger eegener Kandheet.


Kandidaten

Jury