Morris Kemp

De Morris (17) ass de jéngste Kandidat bei Generation Art. Mat 12 Joer krut hien vu senger Mamm säin éischten analog Fotoapparat, deen och si schonn vun hirem Papp verierft hat. D’Fotografie gouf him souzesoen an d’Wéi geluecht an ass haut zwar säin Hobby soll awer definitiv seng Berufsrichtung ginn. Hien ass och Korrespondent fir de Grupp Saint-Paul, dee jéngsten deen se jee haten. Datt hien dee jéngsten ass an der Equipe, wëll fir hien awer näischt heeschen a wëll dat och kloer bei dëser Staffel Generation Art beweisen.
www.flare.pics


Kandidaten

Jury