Mélody Funck

D’Mélody (20) huet scho ganz fréi ugefangen Fotoen als Hobby ze maachen. Haut studéiert hat zu Paräis Grafik-Design ma dréint dofir der Fotografie awer net de Réck. Och wann hat dacks vrun der Kamera steet, well et och als Model aktiv ass, sou gesäit et sech selwer awer och ëmmer méi hannert der Kamera. A fir hat ass et an deem Fall grad wichteg, anere Leit iwwert d’Schëller ze kucken, sech z’inspiréieren vun deem wat ee gesäit. Nëmmen esou kéint een sech och a sengem Beräich verbesseren a genee dat ass dem Mélody säin Zil a seng Motivatioun fir bei Generation Art mat ze maachen.

Melodys-photography
Challenge 6: Dem Mélody säi Video (11.03.2017)
D'Mélody huet säi Brudder fir säi Portrait erausgesischt an déi schwieregkeeten déi hien momentan an der Schoul huet.

Kandidaten

Jury