Cathy Steffen

D’Cathy (27) ass geléierte Spillschoulsjoffer, ma wollt iergendwann senger Passioun fir d’Fotografie méi serieux nogoen, an huet dunn decidéiert de Job ze kënnege fir richteg an der Fotografie Fouss ze faassen. Haut lieft et och dovunner an ass bekannt zu Lëtzebuerg fir seng Fotoe vu Bébéën a Neigebueren, Familjeportraiten an Hochzäitsfotoen. Vrun allem op de sozialen Netzwierker kennt d’Cathy och eng ganz grouss Popularitéit a wollt sech mat Generation Art elo e neie Challenge ginn, well säin Ziel ass et sech a sengem Beräich ëmmer weider z’entwéckelen.

www.cathyphotography.com


Kandidaten

Jury