Bruno Oliveira

De Bruno (23) ass Educateur, en Job deen hien op de Nol gehangen huet, no senger éischter Participatioun bei Generation Art 2014. Et ass nämlech an der Emissioun, wou hien réaliséiert huet, datt e wéilt senger Passioun fir d’Fotografie nogoen. Et goung dunn zréck op d’Universitéit fir hien, op Bréissel, op der ENSAV La Cambre wou e mëttlerweil schonn a sengem zweete Joer ass. Fir de Bruno ass d’Fotografie eng universell Sprooch, eng manéier fir Geschichten op eng poetesch Art a Weis ze zielen. De Mënsch spillt eng grouss Roll a senger Fotografie, net fir näischt spezialiséiert hien sech gären op Dokumentar- a Reportage-Fotografie. Eng zweete Kéier bei Generation Art mat maachen, wor fir hien e grousse Wonsch an eng eemoleg Chance fir de Lëtzebuerger ze weisen wéivill méi hien als Fotograf ze bidden huet

http://brunooliveira.lu/

Challenge 6: Dem Bruno säi Video (11.03.2017)
De Bruno huet säi Stéifpapp als Persoun déi him nosteet portretéiert an wollt d'Geschicht vu senger Kandheet erzielen.


Kandidaten

Jury