Andrew Christine

Den Andrew (32) ass zanter senger Jugend e passionéierten Hip Hop Dänzer a Choreograph. Am Alter vun 28 Joer huet hien allerdéngs missten seng Danzkarrière un de Nol hänke ma wollt der Konscht am allgemengen net de Réck dréinen. Seng Fra huet him säin éischte Fotoapparat geschenkt an domat hat den Andrew dann eng néi kënschtleresch Manéier fonnt fir sech auszedrécken. Och wann hien nach net laang aktiv ass als Fotograf, esou huet hien sech awer scho vrun allem an der Moudezeen e Numm gemaach, an dat och am noen Ausland. Ma hie bleift och op fir nei Saachen auszeprobéieren, a genee aus deem Grond huet hien sech ugemellt, fir bei dëser Editioun vu Generation Art mat ze maachen.

AndrewPhotographyLuxembourg



Kandidaten

Jury