Marita Ruiter

Der Marita Ruiter hir Léift zur Fotografie kënnt ne vun ongeféier. Déi gebierteg Éisträicherin déi ënnert anerem Konschtgeschicht studéiert huet, bewonnert ganz besonnesch d’Gisèle Freund, eng vun de wichtegste Portätsfotografe vum XX. Joerhonnert. Si hat och schonn ëmmer den Dram vun enger eegener Konschtgalerie . 1998 huet si sech deen Dram zu Lëtzebuerg verwierklecht, deemools sinn d’Diere vun der Galerie Clairefontaine matzen an der Stad opgaangen. Ronn 10 Joer méi spéit 1997, ass dunn hiren zweeten Espace opgaangen. Hei si souwuel international renomméiert Kënschtler a Fotografen , wei och Lëtzebuerger vertrueden. Zanter 2005 organiséiert sie och all Joer de Fotosfestival “photomeetings Luxembourg”. Fir si ass et an der Fotografie spannend ze gesinn, wéi verschidde Fotografen ee selwecht Thema ëmsetzen, a genee dat huet si motivéiert dës Kéier nees Bestanddeel ze sinn, vun der Jury vun Generation Art – Photo Edition.


Kandidaten

Jury