Daniela Del Fabbro

D’Daniela Del Fabbro ass Responsabel vun der Gestioun an der Programmatioun vum Waassertuerm a Pomhouse am CNA – Centre national de l’audiovisuel - zu Diddeleng. Si schafft säit 10 Joer als Curatrice an ass säit 2011 Deel vum Fotosdepartement am CNA (www.cna.lu). Nierft hirem Studium an der Konschtgeschicht an der Museumspraxis zu Wien huet sie Erfahrungen am Beräich vun der Kommunikatioun am kulturelle Milieu, sou wéi als Curatrice a Konschtkritikerin am Ausland an zu Lëtzebuerg konnte maachen. Säit 2011 betreit si dem Edward Steichen seng Kollektioun THE BITTER YEARS am Waassertuerm (www.steichencollections-cna.lu) a gestalt den zäitgenëssesche Programm am Fotosdepartement mat. Si ass ëmmer virwëtzeg néi Talenter ze entdecken an nei Erfahrungen ze sammele souwéi opstriewend Kënschtler eng Plattform ze bidden. Dëst waren och hier Motivatioune fir bei Generation Art - Photo Edition als Deel vun der Jury mat ze maachen.


Kandidaten

Jury