Generation Art ass en Concours andeem 12 Nowuess-Kënschtler weisen wat se drop hunn. All Woch kruuten si en kreativen Challenge an haaten dann 2 Deeg Zäit fir hiert Wierk am Generation Art Atelier ze gestalten.

Wat den Medium ubelaangt waren si fräi: Molerei, Graffiti, Foto, Skulptur, Installatiounen, Video... Bewäert goufen si vun enger professioneller Jury, an all Woch huet een Kënschtler d'Aventure vun Generation Art missen verloossen.

Um Enn hunn dei 3 Finalisten Jill Bettendorff, Temy Debanck an Kamil Iwaszczyszyn hier eegen grouss Austellung am Carré Rotondes zu Hollerech gewonnen.

Den Vernissage an d'Finale ass den Samschden 10 Januar an deen Daag decieiert d'Jury och wien den groussen Gewënner gëtt an domat en Geldprais kritt.


Episoden



Fotoen