KloertextSuicidë verhënneren, Liewenskrisen als Chance!

Liewenskrise di wéi, mä kënnen och eng Chance si fir Verännerung - ouni Hëllef awer bis zum Suicide féieren, all Dag versichen et bis zu 5 Mënschen.

Kloertext (26.02.2017)
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.
Och an dëser geckeger Zäit ginn et vill Mënschen, deenen de Kapp net no Fues- oder soss enger Fiesta steet, déi sech nach méi eleng an isoléiert spieren, wann all déi aner ronderëm si feieren. D'Zuel vun den Depressioune klëmmt massiv, eng schwéier Kränkt, déi een net ënnerschätze sollt.

Et geet een dovun aus, dass 70% vun deenen, déi sech ëmbréngen, depressiv waren. Sou ënnerschiddlech d'Grënn och sinn, et sinn der ëmmer e puer, déi zesummekommen, woubäi meeschtens Liewenskrisen den Ausléiser sinn. Laanscht déi kënnt keen, d'Fro ass deemno just: wéi dermat ëmgoen? Wat mécht, dass déi eng un enger Kris zerbriechen an déi aner dru wuessen? Wéi kann ee se als Chance notzen? Wou fënnt een Hëllef? A wat muss gemaach ginn, dass et net zu der extreemster Liewenskris kënnt, där, wou e Mënsch net méi Liewen wëll oder säi Liewen esou net méi aushält?

Doriwwer shu mir mat Experten geschwat, déi den nationalen Anti-Suicide-Plang matausgeschafft hunn a sech zënter Joerzéngte fir anerer asetzen. Mir hunn awer och den Temoignage vun 2 Fraen héieren, 2 Schwësteren, vun där eng hire "Suicide" iwwerlieft huet!

INVITÉEN AM IWWERBLÉCK

Marcelle Walch
Chargée de direction SOS Détresse

© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg

Dr Fränz D'Onghia
Chargé de direction  Centre d’Information et de Prevention

© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg

Alice Kaiser
10 Joer laang Fräiwëlleg bei SOS Détresse

© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg

"Joëlle" (net de richtegen Numm)
Hat versicht, sech ëmzebréngen

© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg


"Françoise" (net de richtegen Numm)
Hir Schwëster hat versicht, sech ëmzebréngen


De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.

Aus Respekt virun den Temoignagen a fir d'Privatsphär ze schützen, loosse mir d'Commentairë bei dësem "Kloertext" ausnamsweis zou. Mir bieden ëm Versteesdemech.