De Kloertext elo am ReplayWéi vill Lëtzebuergesch brauch onst Land?

Kënne mir als Lëtzebuerger eis kulturell Identitéit nach laang ofsécheren? Doriwwer gouf e Mëttwoch - op neier Sendeplaz - beim Caroline Mart diskutéiert.

KLOERTEXT: Wéi vill Lëtzebuergesch brauch onst Land? (14.03.2018)
Kënne mir als Lëtzebuerger eis kulturell Identitéit nach laang ofsécheren? Dorëm goung et e Mëttwoch - op neier Sendeplaz - beim Caroline Mart.
FOTOGALERIE vum Eric Steichen

Zesumme wëlle si Grousses fäerdegbréngen: d'ADR an de Fred Keup, nëmme si géife Sprooch a Wuesstem thematiséieren - "zwar net" soen all aner Politiker, mä wat soll hei gebremst ginn: de Wirtschaftswuesstem oder d'Frontalieren, d'Fransousen an d'Franséisch? Wat ass a Gefor? Wéi lëtzebuergesch muss Lëtzebuerg sinn?

Vertrieder vu 6 Parteien hunn doriwwer - nawell zimlech hëtzeg - beim Caroline Mart diskutéiert:

CLAUDE MEISCH, DP
Erzéiungs-, Kandheets- a Jugendminister
De Jugend- an Educatiounsminister Claude Meisch huet e 40-Punkte-Programm fir d'Lëtzebuergescht presentéiert.



SAM TANSON, déi gréng
Gemengerot Stad Lëtzebuerg / Staatsrot
Déi Stater Conseillère Sam Tanson, déi fir déi gréng am Staatsrot sëtzt, ass fir d'Auslännerwalrecht a qualitative Wuesstem.



NICOLAS SCHMIT, LSAP
Aarbechtsminister
Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit war géint de Referendum u sech, ma warnt ganz bestëmmt viru Rietspopulismus.



LAURENT ZEIMET, CSV
Député-Maire vu Beetebuerg
De Laurent Zeimet, Generalsekretär vun der CSV, deen och virum Wuesstem warnt, awer net mam Fred Keup an d'Wale wollt.



MARC BAUM, Déi Lénk
Deputéierten / Gemengerot Esch
De Marc Baum, Escher Gemengerot an Deputéierten fir déi Lenk, déi och en net nohaltege Wuesstem bekloen.



FRED KEUP, ADR / Wee 2050
Geosproff
Et gëtt net genuch fir ons Sprooch gemaach, den onkontrolléierte Wuesstem muss gebremst ginn, seet de Fred Keup, deen als selwer ernannte politesch Mëtt mat der ADR an Wale geet.



E Resumé vum Debat vum Caroline Mart

Iwwerrascht war keen, dass de Fred Keup mat an d'Wale geet, fir den Deputéierte vun déi Lenk Marc Baum war et och kloer, dass et bei der ADR wäert sinn, den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet sot, dass et keng seriö Gespréicher gouf mat der CSV, och wann de Fred Keup eng CSV-Kaart hat, woubäi hien och scho kuerzzäiteg Member vun déi Lenk war. Just bei där Partei, wou en elo wäert mat op d'Lëscht goen, huet hien – nach – keng Parteikaart.

Déi 2 Themen, déi e Mëttwoch am Mëttelpunkt vum Kloertext stoungen: De Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch an de Wuesstem, déi géingen dank senger elo an der Ëffentlechkeet diskutéiert ginn, sot de Fred Keup uganks der Sendung! Kee vun den aneren Invitéen huet dat awer als de Merite vum Grënner vun der Anti-Auslännerwalrecht Beweegung Nee2015 gesinn.

1. Sujet: Sprooch

Ass ons Sprooch a Gefor? Dat huet u sech just de Fred Keup esou gesinn, deen och mengt, dass et kee Gläichgewiicht vun de Sprooche méi gëtt. Hefteg Hin an Hier gouf mat der Stater Conseillère Sam Tanson diskutéiert. Wa 70% Leit an der Stad ewell Auslänner sinn, erkläert dat, firwat am Alldag ëmmer manner Lëtzebuergesch geschwat géing ginn, esou den ADR-Kandidat. "Et ass dach net, well ee kee Lëtzebuerger Pass huet, dass een net awer ons Sprooch ka schwätzen", esou d'Sam Tanson, an dunn hu se iwwer Zuelen gestridden!

Wat vun ëffentlecher Säit géing gemaach ginn, wier eng Drëps op de waarme Steen, sou en anere Reproche vum ADR-Kandidat. Dat stëmmt dach net, mir hunn e Katalog vu 40 Punkten, esou de Minister Meisch. Kee Politiker an der Ronn, deen net betount huet, wéi wichteg d'Lëtzebuergescht als Integratiounsprooch ass, an dat iwwerall am Alldag, an de Betriber an och an de Schoulen.

Eng méi hëtzeg Debatt gouf et nees bei der méisproocheger Fërderung an de Crèchen, fir de Claude Meisch déi bescht Manéier, spilleresch lëtzebuergesch a franséisch ze léieren, grad wëll vill Lëtzebuerger Kanner sech mam Franséische schwéier dinn, wier dat sënnvoll! Dat ass eng Iwwerfuerderung, huet de Fred Keup gemengt an et géing dofir keng Etüden. Am Géigendeel, do ass sech d'Fuerschung eens, sou den Educatiounsminister.

De Laurent Zeimet huet eng méi onverkrampft Debatt iwwert d'Sprooch gefuerdert a souwuel hien ewéi och de Marc Baum hunn dunn och derfir plaidéiert, dass d'Lëtzebuerger Kanner beim Franséische misste gehollef kréien, well och déi Sprooch wichteg wier, fir hei am Land ze schaffen, an ons Méisproochegkeet wier onse grousse Räichtum!

2. Sujet: Wuesstem

Den 2. Punkt vun der Diskussioun war de Wuesstem, kee Wonner, dass mir eréischt zanter e puer Joer nees iwwert de Wuesstem schwätzen, nodeem mir jorelaang an der Kris waren, ouni Wuesstem, a mam Problem vun engem héije Chômage, esou den Aarbechtsminister Nicolas Schmit, iwwerdeems de Claude Meisch gemengt huet, dass virun engem Joer nach virum Verschwanne vun Aarbechtsplaze gewarnt gouf duerch Roboter an Digitaliséierung.

Et gëtt vill negativ Auswierkunge vum Wuesstem, wëlle mir dat? Loosst ons zréck an d'90er Jore goen, esou eng Iddi vum Fred Keup, genee do hu mir verpasst, d'Wäichen ze stelle fir d'Infrastrukturen, esou de Marc Baum.

De Wuesstem ass ganz komplex, sot den Aarbechtsminister, dee sech erstaunt gewisen huet, dass e Geographiesproff géing déi Fro just op Zuele reduzéieren, fir ze soen, dass net méi wéi 7.000 Auslänner d'Joer bäikomme sollten. Et misst een de Leit och éierlech soen, wourop onsen héije Liewensstandard opbaut a firwat d'sozial Leeschtungen esou héich sinn. Reng theoretesch kéint een de Wuesstem stéiere mat radikale Mesuren ewéi héije Stéieren an Oploe fir d'Betriber - wie wéilt dat?

Och an der Wuesstemsdebatt sollt een net mat den Ängscht vun de Leit spillen, sou d'Sam Tanson.

Ganz hëtzeg gouf et och, wou den Nicolas Schmit dem Fred Keup virgeheit huet, de Leit Angscht ze maachen, ouni Äntwerten ze hunn, wourop dee kuerz, awer ongewinnt staark aus der Reserv goung.

Wat sinn déi konkret Propose vun der ADR? Do ass nach net vill komm, ausser de Verweis op de Walprogramm. Wat sinn der CSV hir Proposen? Villäicht och eng nei Bescheidenheet op Bestëmmtes ze verzichten, sou de Laurent Zeimet.

Eent ass sécher, souwuel de Wuesstem ewéi d'Sprooch wäerte vun alle Parteien nach dacks am Walkampf an an de Walprogrammer thematiséiert ginn - hoffentlech esou konkret wéi méiglech ...

De Kloertext leeft vun elo un am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.