De Kloertext elo am ReplayWuesstem à la carte: Wéi eng Betriber braucht eist Land?

Doriwwer hunn e Mëttwoch den Owend beim Caroline Mart diskutéiert: Etienne Schneider, François Bausch, Claude Wiseler an Nicolas Buck vun der Fedil.

Kloertext: Wuesstem à la carte: Wéi eng Betriber fir eis? (27.06.2018)
Beim Caroline Mart hunn doriwwer geschwat Etienne Schneider, François Bausch, Claude Wiseler an Nicolas Buck, President vun der Fedil.
Konflikt Ekonomie géint Ekologie! Léieren, och mol nee soen?
Problem Ressourcë-Verbrauch! Wat si Wuesstems-Visiounen?

Kee Politiker ass grondsätzlech géint Wuesstem, kee Wonner, nach sinn ons Pensioune gréisstendeels dovun ofhängeg, mä wéi e Wuesstem ëm wéi e Präis? Wéi eng Betriber brauch dëst Land? Ronderëm Steewoll a Jogurt ass d'Debatt nees op geflaamt! All schwätze vu qualitativem  Wuesstem, mä wat heescht dat a wéi geet dat? Mir si gespaant op konkret Proposen a Visiounen, vun dësen Invitéen:

Etienne Schneider, Vize-Premier a Wirtschaftsminister

François Bausch, Nohaltegskeets- an Infrastruktur-Minister

Claude Wiseler, CSV-Spëtzekandidat

Nicolas Buck, President Fedil

FOTOGALERIE: Andréck vun der Emissioun vum Eric Steichen.

Dass et keen onendleche Wuesstem op engem endleche Planéit gëtt, doriwwer si sech all d'Parteien am Prinzip ewell eens, an dass dat natierlech grad fir e klengt Land ewéi eist gëllt - mä dat ass et da scho fir de Konsens! Déi al Debatt, wéi virop ons  Ekonomie wuesse soll, wéi eng Betriber mir wou wëllen an ob et net besser ass, och alt emol nee ze soen. Déi al Wuesstemsdebatt ass nees en zentraalt Thema an dësem Walkampf ... an am leschte Kloertext virun der Summerpaus!

Déi rezent Aktualitéit huet quasi Schoul-Beispiller geliwwert, sief dat d’Steewoll- an d’Jugurtsfabréck oder och den Internetgigant Google: Ëmmer geet et do jo ëm Interessekonflikter tëscht Ekonomie an Ekologie, ëm Ressourcë-Verbrauch vun Terrain, Waasser an Energie oder ëm Emissiounswäerter, mä do drun hänkt nach e ganze Rateschwanz, ugefaange mam Stau, dem Logement, de  Pensiounen iwwert Frontaliere bis hin zur Fro vun onser Identitéit an de ville Fransousen am Land. D'Diskussioun ass esou schwiereg, well se esou komplex ass. Et verléiert ee sech liicht dran a se gëtt séier ideologesch.

An der Stonn "Kloertext" hu mir versicht, ons net ze verléieren, mä mat 4 zentralen Acteure vun der Debatt hir deels ganz ënnerschiddlech Visioune méiglechst kloer erauszeschielen:

An zwar mam Wirtschaftsminister a Vizepremier Etienne Schneider, fir dee Lëtzebuerg dat innovatiivst Land an der EU, wann net weltwäit ass, mä wat och Industrie brauch. Mam Nicolas Buck, dem President vun der Fedil, fir dee Wuesstem duerch  Technologie an Innovatioun kënnt an dee fest vun engem Comeback vun der Industrie iwwerzeegt ass. Mam Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch, dee ganz kloer seet, mir kënnen net méi wéi an der Vergaangenheet all Betrib hei am Land acceptéieren a virop just Plaze fir Frontaliere schafen. An dem CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler, dee vun engem quantitative Wuesstem op e qualitative wiessele wëll, awer nach net richteg verroden huet, wéi hien dat maache wëll.

De Resumé vum Caroline Mart

Wéi eng Betriber wëlle mir zu Lëtzebuerg? Dat ass jo nees ganz akut ginn duerch d'Debatten ëm d'Jugurts- a Steewoll-Fabrécken a stellt vill méi allgemeng déi zentral Froen: Wéi vill Wuesstem brauche mir a wéi kann een dee steieren? Sécher en Haaptthema am Walkampf, wou d'Parteie sech positionéiere mussen.

Am leschte Kloertext virun der Summerpaus hunn den LSAP-Wirtschaftsminister, den CSV-Spëtzekandidat, de gréngen Nohaltegskeetsminister an de President vun der Fedil deels ganz kontrovers iwwer de Wuesstem an all senge Facetten diskutéiert. Eens ware si sech all, dass et ouni Wuesstem net geet, et sief dann, wéi den Etienne Schneider sot, mir wiere bereet ze verzichten, et briecht ee jo keng 3 Vakanzen am Joer an 2 Ween am Garage, mä et misst ee just kloer soen, wou um Niveau vum Staat sollt gespuert ginn; wa mir awer onsen héije Liewensstandard erhale wéilten, géing dat nun emol net ouni nei Betriber goen. Als Wirtschaftsminister wier ee schonn alt de "Buhmann", och wann een nei Aarbechtsplazen bréngt, an och den Nicolas Buck huet beklot, dass d'Industrie e schlechten, e knaschtegen Image hätt.

Dat wollt de François Bausch net gëlle loossen, dee sech fir säin Deel gewiert huet, dass déi Gréng ëmmer duergestallt géifen, wéi wa se näischt vun Industrie kennen a géint alles wieren. Hie perséinlech wier an enger Famill grouss ginn, wou se all an der Stolindustrie geschafft hunn, a wéisst Bescheed. An och den Claude Wiseler huet sech beklot an zwar dass d'Oppositioun net genuch Informatiounen a Zuele kritt hätt, fir sech bei de konkrete Fäll e Bild ze maachen, an et dofir schwéier wier, eng sachlech Diskussioun ze féieren. Ganz allgemeng huet den CSV-Spëtzekandidat manner virum Wuesstem u sech gewarnt, wéi virun der Tatsaach, dass mir net no kéime mat den Infrastrukturen, fir deen esou ze begleeden, dass et net ze vill negativ Konsequenze gëtt fir d'Leit.

Ech verstinn, dass d'Bierger genervt sinn, wa se am Stau stinn, dat sinn ech och, huet de Etienne Schneider gekontert, dofir hätt dës Regierung esou vill nei Infrastrukturprojeten ëmgesat oder géingen nei Pisten ugeduecht ewéi zum Beispill den Télétravail, decaléiert Schoulzäiten an d'Digitaliséierung. De François Bausch huet an deem Zesummenhang erkläert, un engem Pilotprojet ze schaffen, fir zesumme mam Frankräich eng Zon vun 120 Hektar ze erschléissen, de Gros dervun hannert der Grenz, fir dass béid Säite profitéieren an net onbedéngt nach méi Frontalieren op Lëtzebuerg komme mussen.

Wéi wäit kann een iwwerhaapt als Politik de Wuesstem stéieren? Dat ass u sech net hir Aufgab, sot de Nicolas Buck. De Vertrieder vun der Industriellefederatioun fënnt, dass et just un der Politik ass, de Kader ze setzen, de Rescht misst een der Wirtschaft selwer iwwerloossen. Dass Steieren e Steierungsmëttel sinn, ass awer och kloer, an do ware sech Claude Wiseler an Etienne Schneider net eens, fir den LSAP-Mann ass d'CSV widderspréchlech an hiren Aussoen: virum 1,1 Milliounen Awunnerstaat an ze vill Wuesstem warnen a gläichzäiteg Betribssteiere wëllen erofsetzen. Et ass kee Widdersproch, sot den Claude Wiseler a mat 26 % Steiere wier Lëtzebuerg wäit iwwer der EU-Moyenne. Déi bezilt souwisou keen hei am Land mat all den Ofschreiwungen, sou de Konter vum Wirtschaftsminister.

An der Sendung sinn och 3 konkret Beispiller mat Reportagen illustréiert an diskutéiert ginn: Knauf, Fayé a Google.

Dass d'Bedreiwer vun der Steewollfabréck decidéiert hunn, an d'Lorraine ze goen, wier och, well de ganze Projet zerriet gouf, esou de Claude Wiseler. Stëmmt net, et ass normal a gutt, dass och d'Bierger informéiert ginn a Gemengen eng ëffentlech Debatt féieren, a vläicht sinn d'Fransousen och anescht ewéi just bei den Ëmweltoploen entgéintkomm, esou de François Bausch. Hien huet och erkläert, dass d'Firma Knauf net ganz kooperativ gewiescht wier an hir Dossiere wäit manner gutt preparéiert waren wéi zum Beispill déi vun Dupont, wou alles ouni Problemer goung an 300 zousätzlech Aarbechtsplaze konnte geschafe ginn.

Kee Konsens an der Ronn, ob eng Firma, déi Steewoll produzéiert, iwwerhaapt op Lëtzebuerg passt: Den Etienne Schneider a Claude Wiseler soe jo, de François Bausch ass net iwwerzeegt. Wat de griichesche Jugurt zu Beetebuerg betrefft, wou den CSV-Buergermeeschter sech dogéint ausgeschwat huet, war och de Claude Wiseler skeptesch, ob dat passt. Et passt wonnerbar, sot den Etienne Schneider, do kann de Jugurt direkt via Logistikzenter am Zuch an Europa verdeelt ginn.

Just bei Google war all Invité nees averstan, dass et genee déi Zort Firma wier, déi Lëtzebuerg bräicht, ob elo d'Annonce nach virun de Wale kënnt, weess keen, mä natierlech géing d'Regierung sech freeën. A wann nom 14. Oktober eng aner Regierung un d'Rudder kënnt? Wat ännert mat enger CSV? Offensichtlech net vill un der prinzipieller Ausriichtung vun Ekonomie an Industrie, déi Secteuren, op déi elo scho gesat gëtt, solle weiderentwéckelt ginn an och de Spaceming géing viru gedriwwen, deen heescht bei der CSV zwar Weltraumentwécklung, mä esou de Claude Wiseler, dat wier just eng Fro vun der Verpakung!


De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.