De Kloertext elo am ReplayThema: Wou sinn d'Fraen an déi nei Gesiichter?

Lëtzebuerg e modernt a fortschrëttlecht Land? Grad eng Dose Fraen, awer 48 Männer sinn direkt an Chamber gewielt ginn ...

Wéi ass dat Ongläich-Gewiicht ze erklären - an ze änneren? A mol keng 10 nei Gesiichter oder Jonker ënner 40! Wéi kënne Parteie sech erneieren, wa grad albekannte Politiker enorm Stëmme bréngen?

Firwat ass d'Chamber net representativ? Wat musse Politiker a Wieler änneren? Wéi kënnen d'Parteie sech erneieren? Wéi endlech Gläichberechtegung erreechen? A wat soll ee vun der Fraequote halen? Mat deene Froen hu sech e Mëttwoch den Owend am Kloertext 5 Invitéeë beschäftegt:

Lydie Polfer, DP, Sechstbeschtgewielt am Zentrum

Elisabeth Margue, CSV, ganz knapp net gewielt ginn

Myriam Cecchetti, déi Lénk, 1. Ersatz, réckelt an d'Chamber no

Joanne Goebbels, LSAP, Sechstgewielte fir hir Partei am Zentrum

Djuna Bernard, Déi Gréng, Sechstgewielte fir hir Partei am Zentrum

Kloertext: Wou sinn d'Fraen an déi nei Gesiichter? (07.11.2018)
Elo Mëttwochs um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.


De Resumé vum Kloertext vum Caroline Mart
Nach ni hunn esou vill Frae kandidéiert – a nach ni sinn esou vill Frae gewielt ginn! Dat gëllt fir déi amerikanesch Midterm-Walen, wou Frae sech massiv mobiliséiert hunn. Fir déi Lëtzebuerger Chamberwale stëmmt dogéint just deen éischten Deel.

Duerch d'Quote vun 40 % Fraen op de Lëschte gouf et zwar effektiv esou vill Kandidatinnen ewéi ni, mä d'Offer eleng geet offensichtlech net duer.

Et ass esouguer nach méi schlëmm komm wéi virun 5 Joer, wou schonn nëmme 14 Fraen direkt gewielt waren, 2018 sinn et grad eng Dosen, dogéint awer 48 Männer! Vun den "Neien", déi erakomm sinn, handelt et sech och just ëm Männer, ënnert hinne vill Jonker, ugefaange mat de Pirate Sven Clement a Marc Goergen, iwwert den neie Buergermeeschter vun Esch Georges Mischo an de Paul Galles vun der CSV oder den Diddelenger Dan Bianchalana fir d'LSAP an de François Benoy fir déi Gréng.

Wéi ass dat 2018 an engem Land ze erklären, dat sech dach modern an oppe seet? Dat gouf an enger Ronn mat Politikerinnen diskutéiert. Eleng d'Tatsaach, dass et soss ni de Fall ass an opfält, wann et eng reng Fraeronn ass, wier schonn e Beweis, dass Fraen an der Politik awer nach net gläichberechtegt sinn.

D'Mentalitéiten entwéckele sech eben méi lues, huet d'Lydie Polfer gemengt. Wéi si ganz jonk 1979 fir d'éischt kandidéiert huet, souzen an der Chamber grad 3 Fraen, duerno ware se mat hir zu 8. Dee Mentalitéitswandel ass awer e bësse vill lues, hunn déi aner Invitéë gemengt a wollten och net eleng de Wieler d'Verantwortung ginn. Quote si schéin a gutt, sot zum Beispill d'Elisabeth Margue, mä vläicht hunn déi grad zu enger falscher Sécherheet gefouert, dass een duecht, dat leeft quasi vum selwen. Just virun de Wale reagéieren, ass ze spéit, Fraen misse konsequent opgebaut ginn iwwer Joren an et muss ee senge Kandidatinnen och d'Méiglechkeet ginn, sech no baussen ze profiléieren, war déi allgemeng Iwwerzeegung.

D'Djuna Bernard sot, dass genee dat an hirer Partei konsequent géing gemaach ginn, Jonker an och Frae géingen opgebaut ginn, d'Méiglechkeet kréichen, fir Formatiounen ze maachen an och un Table-ronden deelzehuelen, awer och Verantwortung iwwerhuelen ze kënnen. D'Tatsaach, dass et systematesch Duebel-Spëtzte gëtt, hätt och seng Friichte gedroen, et misst ee just de Courage hunn, och op nei Kandidaten ze setzen. Bei de Lénke wieren d'Fraen och systematesch gefërdert an duerch de Rotatiounsprinzip wäerten nach an der Hallschent vum Mandat zwou Fraen noréckelen, sot d'Myriam Cecchetti, déi och de Problem ugeschwat huet, dass et fir Fraen awer oft nach méi schwéier ass, fir sech politesch z'engagéieren - zemools wa se Kanner hunn. Et wier einfach eng méi grouss Belaaschtung, et hätt en oft e schlecht Gewëssen an et géing een och anescht jugéiert gi wéi Männer, wann ee sech d'Recht géing huelen, "alles ze wëllen", wat fir Männer awer normal wier.

Och déi zwou aner Mammen an der Ronn, d'Joanne Goebbels an d'Lydie Polfer, hunn ähnlech Experienze gemaach, einfach wier et net, sech politesch anzesetzen, sou wichteg et och ass, eng "partie de plaisir" wier et net. Op der anerer Säit wier et awer grad wichteg, dass Fraen, déi am Liewe stinn, an d'Politik ginn, fir och aus hirer Erfarung eraus d'Gesellschaft matzeveränneren. E Beispill wier de Congé parental, dee vun enger Familljeministesch esou agefouert gouf, déi selwer genee wéisst, wéi wichteg en ass. An dat wier jo och vum Wieler honoréiert ginn. Glafwierdegkeet a Kompetenz wieren immens wichteg an der Politik a Frae sollte roueg och a Beräicher goen, déi klassesch "Männerberäicher" sinn, sot d'Elisabeth Margue, drop ugeschwat, dass an de Koalitiounsverhandlungen an den Aarbechtsgruppen déi meeschten Fraen am Grupp Famill, Soziales a Santé sinn oder der Educatioun a Kultur, an déi mannsten an de Finanzen an dem Logement!

Fraen sollte sech méi trauen, grad wa se nei sinn, musse se awer extra gutt virbereet sinn. D'Lydie Polfer huet aus hirer Experienz geschwat, dass si uganks all Gemengerot wéi en Exame virbereet hätt, fir nëmme kee Feeler ze maachen.

Mä net just bei de Frae gëtt et eng Ongläichgewiicht an Demokratiedefizitter, och wat Beruffer betrefft, do wieren och deels aus praktesche Grënn Staatsbeamten an Affekoten iwwerrepresentéiert, an awer och dass et geschwë méi Net-Wieler wéi Wieler am Land gëtt. Och do missten d'Parteie méi aktiv ginn, fir ze rekrutéieren, an och op d'Auslänner duergoen, se ze motivéieren, fir ze wielen, op d'mannst emol bei de Kommunalwalen.

Déi nei Parteielandschaft zu Lëtzebuerg, wou déi traditionell Volleksparteie manner grouss, déi Gréng wëll zu de Grousse gehéieren an nei kleng Partien derbäi kommen, wier och eng Chance, net ze lescht fir eng CSV, sech elo richteg a Fro ze stellen an nei ze definéieren. Et misst een dem Wieler nees kloer soen, woufir d'CSV steet a wou si sech vu den aneren ofgrenzt, esou d'Elisabeth Margue.

Och LSAP ass an enger Kris, an et sinn och just Männer gewielt ginn, heescht dat, dass och just Männer an d'Regierung kommen, fir d'Logik vum Walresultat ze respektéieren? Mir sinn ons all an der Partei bewosst, dass et 5 vir 12 ass, sot d' Joanne Goebbels, och grad déi gestane Politiker wësse genee, dass wann näischt geännert gëtt, et a 5 Joer eriwwer ass, dofir huet si, déi och an de Koalitiounsverhandlunge mat derbäi ass, déi eng oder aner Iwwerraschung an Aussicht gestallt.

Wéi e Renouveau maachen, wa grad eben déi Politiker, déi scho laang derbäi sinn, am meeschte Stëmme bréngen? Dat muss jidderee fir sech gesinn an awer och zesumme mat der Partei kucken, sot d'Lydie Polfer, et huet een en Optrag vum Wieler, mä natierlech muss een och derfir suergen, dass dat, wat en opgebaut huet, och ka weider goen.



De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.