De Kloertext elo am ReplayGutt Leit gesicht, dréngend an iwwerall!

Dat war de Sujet e Mëttwoch den Owend beim Caroline Mart.

Mir fanne net genuch gutt Leit zu Lëtzebuerg! Déi Klo héiert een aus bal alle Beräicher vum Handwierk a Commerce iwwert de Finanzsecteur bis esouguer hi bei de Staat. Wourunner läit et? Der Schoul, der Orientatioun, de Betriber, der Mentalitéit? A wat fir Qualitéite sinn haut – a muer – um Aarbechtsmaart gefrot?

Doriwwer ënnerhalen hu sech dës Invitéen:
Isabelle Schlesser
Direktesch vun der Adem, Member vum Staatsrot

Michel Reckinger
President Handwierker-Federatioun, Generaldirekter Reckinger Alfred SA

Véronique Schaber
Direktesch Formation Professionelle, fréier Direktesch Arts et Métiers

Fernand Ernster
President CLC, Vizepresident Handelskummer a Generaldirekter Ernster

Jacques Lanners
Fréiere President Direktiounscomité Ceratizit, zukünftege Member Conseil Ceratizit Grupp

Kloertext: Gutt Leit gesicht, dréngend an iwwerall! (21.11.2018)
Mir fanne net genuch gutt Leit zu Lëtzebuerg! Déi Klo héiert een aus bal alle Secteuren ... an dat war de Sujet beim Caroline Mart.


De Resumé vum Caroline Mart
All Joer ginn eng 10.000 Plazen nei geschafen zu Lëtzebuerg, derbäi ginn nach eemol grad esou vill Leit an d'Pensioun, woumat mir op 20.000 Plaze sinn an grad 8.000 frësch forméiert Jonker op de Marché kommen. Dat kann net opgoen! Eleng zueleméisseg si mir op Frontalieren an och Leit vu méi wäit ewech ugewisen. Trotz dem ganz dynameschen Aarbechtsmaart gëtt et dëse Mount eng 14.000 Chômeure géintiwwer vu bal 8.000 oppene Plazen. An do ass de Problem, dass ganz vill Leit, déi duerch de Lëtzebuerger Schoul- an Ausbildungssystem gaange sinn, net den néidege Profil hu fir d'Plazen. An et ass quasi well e generelle Problem zu Lëtzebuerg: Am Fong héiert een déi Klo vum Manktem u qualifizéierte Leit queesch duerch d'Secteure bis esouguer hin zum Staat, deen dach fir sou vill Betriber als déi grouss deloyal Konkurrenz ugesi gëtt, wëll et ëmmer nach eng Majoritéit vu Lëtzebuerger an d'Sécherheet zitt!

Wéi kann een dat änneren?

Doriwwer ass am Kloertext diskutéiert ginn, woubäi déi éischt Feststellung war, dass ee méi liicht e Metier sicht, deen engem bekannt ass, 3 vun den Invitéen hunn de Familljebetrib iwwerholl, mä si sinn an der Minoritéit. Wann de Gros vun den Eltere beim Staat schafft, da soll ee sech net wonneren, dass et och vill Kanner dohin zitt, esou d'Isabelle Schlesser vun der Adem. Si huet vill Initiativen ervirgehuewen, déi an de leschte Jore scho geholl goufe mat de Beruffschamberen, fir den Image vun Handwierk, Commerce an Industrie ze verbesseren a méi Jonker an déi Beruffer ze orientéieren. D'Véronique Schaber, déi 15 Joer laang Direktesch vum Lycée des Arts et Métiers war, wou eng ganz enk Bindung mat der Aarbechtswelt besteet, sot, dass dat och seng Friichte géing droen an de Jonken an hirer Wiel géing vill hëllefen.

Privat Patrone wëlle gutt Leit ...

Schéin a gutt, dass et bestëmmte Schoule gëtt, déi sech vill Méi maachen, mä dat misst systematesch iwwerall de Fall sinn, an trotz all den Initiativen a Campagnen, déi et scho gouf, fir hir Matièren ze valoriséieren, sote Michel Reckinger a Jacques Lanners, géing awer nach d'Bild vum "knaschtege Beruff" existéieren. De gréisste Problem wier, dass et keng positiv Selektioun géing ginn, mä eng negativ: dass déi Jonk, déi et soss net an der Schoul packen, um Enn no villen Echecken an d'Handwierk orientéiert ginn. Dat kann net gutt goen, deene feelen d'Loscht, d'Motivatioun an och d'Kënnen, mir brauche gutt Leit, dat war d'Fuerderung unisono vun den 3 Patronen. Et misst een och d'Formatioun dréngend verbesseren, do géing ze vill versicht, den Niveau erofzesetzen, woumat déi nei Direktesch vun der Formation Professionelle Veronique Schaber awer net averstane war.

... vill Leit wëllen awer bei de Staat

Anere Problem, souwuel am Handel an am Transport wéi an der Industrie an dem Handwierk: d' Konkurrenz vum Staat. Mir bilde se fir deier Suen aus, an da gi se no e puer Joer bei de Staat oder d'Gemeng an dat net just wéinst der Pai. Déi wier fir besser qualifizéierter guer net esou vill méi héich, mä et wieren déi aner Avantagë wéi besseren Taux beim Prêt a méi Congé, an natierlech och d'Gefill vu Sécherheet.

Dat ass awer déi falsch Mentalitéit, hautdesdaags geet dat net méi, an och de Staat brauch gutt Leit a sicht der, sot d'Isabelle Schlesser, an och do géinge se oft net fannen, wat se sichen.

Wat gebraucht gëtt, gëtt net studéiert: Informatik, Mathematik ...

Ee vun de ganz grousse Problemer ass, dass haut quasi näischt méi geet ouni digital Kompetenzen, awer bal keen Informatik, Mathé oder Ingenieurswëssenschafte studéiere wëll. Wëll Grondkenntnësser awer an de meeschte Beruffer wëll gefrot sinn, bitt d'Adem Coursë vu 4 Méint un: Fit4coding fir Demandeurs d'emploi mat engem ganz gudde Resultat. Dat verhënnert net eng enorm Penurie, esou et sech ëm méi spezialiséiert Posten handelt am IT-Beräich oder an der Fuerschung, sou dass Firme wéi Microsoft zum Beispill ugewise sinn, fir hir Top-Leit bis an Indien sichen ze goen.

Och dat wier net just e Lëtzebuerger Problem, mee grad hei wier et apaart wichteg, sou séier et geet, Ofhëllef ze schafen, wëll et jo grad déi Beräicher sinn, wou ons Wirtschaft an onse Finanzsecteur solle spezialiséiert ginn. Datselwecht gëllt fir d'Fuerschung, wou och ganz wéineg Leit nach ze fanne sinn zu Lëtzebuerg, do wier et och e Problem, dass engersäits net fréi genuch Loscht op Fuerschung a Science géing gemaach ginn, dat heescht scho bei klenge Kanner, an et anerersäits och nach net genuch an der Mentalitéit wier ze fuerschen, wat per Definitioun e Sichen an och Feeler Maache mat sech bréngt. Och do brauch et e Mentalitéitswandel, wou net just Schoulen a Politik, mä d'Elteren an déi ganz Gesellschaft gefuerdert wieren ... mam Problem, dass d'Mentalitéite manner séier änneren ewéi d'Aarbechtswelt an d'Ufuerderungen, déi do gestallt ginn!

Wann eppes gebraucht wier an Zukunft, dann nieft méi techneschen an informatesche Kenntnisser d'Kapassitéit, Problemer kreativ ze léisen, flexibel ze sinn a sech drop anzestellen, dass een effektiv ëmmer nees nei léiere muss. A 5 Joer Studien huet d'Welt schonn nees gedréint an ass eng ganz aner ginn, sou dem Jacques Lanners seng Conclusioun.

FOTOGALERIE: Andréck vum Eric Steichen

© Eric Steichen


De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.