KloertextWëlle mir déi ganz Wouerecht wëssen?

Hu mir ons Vergaangenheet opgeschafft? Wéi war dat wierklech am 2. Krich zu Lëtzebuerg? E ganz aktuellt a kontroverst Thema, mat Froe bis an ons Zäit!

Kloertext (18.10.2015)
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.

Dëse Sonndeg um 18.25 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an dono och online am Replay.

Ass d'Vergaangenheet nach ëmmer net opgeschafft?

Wiem seng Verantwortung ass et?
(Wéi) kann een aus der Geschicht  léieren?
Wat hu mir et haut mat Ligen a Wourecht am Land?

THEMA

Sief et a Film, Expo, Liesung oder Colloque, d’Zäit vum zweete Weltkrich ass nees ganz aktuell mat Froe vu Schold, Verantwortung a Ligen! Froen, déi sech och haut nach stelle - wéi hu mir et mat der Wourecht? Wat wëlle mir wierklech wëssen vun de méi däischtere Säiten vu Lëtzebuerg?

INVITÉEN

CHAREL GOERENS
Dem fréiere Minister an laangjäregen liberalen Europadeputéierten setzt sech als President vun der asbl “Témoins de la 2ieme génération” géint de Vergiess an.



FRANK FEITLER
Dem fréieren Direkter vum Stader, deen am Kasematten d’Konzept an d’Texter gesicht huet, fir eng Liesung iwwer: "Courage, Feigheet, Kollaboratioun a Verdrängen!"



CLAUDE WARINGO
De Produzent vum Film "Eng nei Zäit" vum Christophe Wagner, deem genee déi Froe vu Schold a Verantwortung am Krich an, an der Nokrichs-Zäit gestallt ginn.



JOSEE HANSEN
D'Redactrice vum Lëtzebuerger Land, déi eng ganz positiv Kritik iwwert de Film geschriwwen huet, mat der Conclusioun "Et geet lo duer mam Sujet! "



VINCENT ARTUSO
Den Historiker an Auteur vum Rapport iwwer d’Roll vun der Verwaltungskommissioun bei der Juddeverfolgung, opgrond vun deem et offiziell Excusen, awer och zolitte Kritike gouf.



SI DISKUTÉIEREN IWWER:

Wéi hu mir et mat der Wourecht? Gëscht an haut?

D'Experten vum Nation Branding hu jo 3 Caractéristiquen zréckbehal fir onst Land no baussen ze presentéieren: zouverléisseg, dynamesch an oppen! Éierlech war net derbäi et ass vläicht jo och keen extra, ganz sexy Verkafsargument, mä nawell eng Fro, mat där e Vollek sech muss ausenaner setzen.

Am Moment gëtt dat nees ganz intensiv gemaach: no Judde-Lëschten, Rapport Artuso a Grand Pardon, si Krich- a Nokrichsjoeren, a wéi et deemools wierklech war.

Thema vu Film, Expo, Liesung oder Colloque: d'Historiker streiden och 70 Joer duerno iwwer d’Roll an d'Verantwortung vun de Lëtzebuerger an der däischterer Zäit. Keng nei Diskussioun, keng revolutionär nei Erkenntnis, dass alles net esou einfach war, net all d’Lëtzebuerger Helden a gro amplaz schwaarz-wäiss!

Firwat flaamt d'Diskussioun dann lo nees op, misst et genuch sinn oder ass awer nach net alles gewosst a gesot? Wie muss wat a wou maachen, fir dass een endlech soe kann, et ass opgeschafft? Wien dréit d'Verantwortung, dass ee vläicht aus der Vergaangenheet ka léieren? A wat hu Ligen vu fréier mat haut ze dinn? Wéi hu mir an ons Politiker et mat der Moral? Wéi vill wëlle mir wëssen iwwert dat, wou mir ons als Lëtzebuerger z’arrangéiere wëssen an onsem finanziellen Interêt?

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.