KloertextThema: Wéi hu mir et mat Relioun a Wäerter?

Virun engem Joer gouf d’Konventioun tëscht de Culten an dem Staat ënnerschriwwen. Dëst ass d'Grondlag fir den neie Wäerteunterrecht hei zu Lëtzebuerg.

Kloertext mam Thema: Wéi hu mir et mat Relioun a Wäerter? (07.02.2016)
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.

Déi nächst Rentrée an de Lycéeë kënnt de gemeinsame Wäerteunterrecht. Weder d'Kierch, nach d'Proffen oder Laiziste si vum neie Fach iwwerzeegt!

Wéi eng, wéi, a vu weem solle Wäerter vermëttelt ginn? Wat ass iwwerhaapt d’Roll vun de Reliounen an onser Gesellschaft? A gëtt et eng Trennung vu Kierch a Staat?

Dorëm goung  et am Kloertext dëse Sonndeg op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL.lu.

FOTOGALERIE: D'Fotoe vun der Emissioun vum Eric Steichen

Invitéiert sinn:

Jean Ehret

Bëschofsvikar
Vertrieder vun der kathoulescher Kierch a vum Conseil des Cultes

André Hoffmann

Pensionéierte Philos- a Morals-Proff
Fréieren Deputéierte fir "déi Lénk"

Paul Galles

Theolog a fréiere Paschtouer, aktuell Jugend- a Sozialaarbechter
Vertrieder “Fir de Choix“

Lynn Lepasch

Presidentin ALPE, d'Associatioun vun den Ethiksproffen
Enseignéiert Ethik

Jean Marie Weber

Proff a Fuerscher op der Uni.lu
Schafft de Cours fir d'Schoulmeeschteren am Cours unique aus
Huet Theologie, sozial Kommunikatioun a Psychoanalyse studéiert 

Laurent Schley

President AHA
Vetrieder vum CCAL, der Corporatioun vun de laizisteschen Associatioune Lëtzebuerg


De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.