KloertextThema: Frae-Biller: Nach ëmmer Cliché a sexistesch?

"Sex Sells!" Deen ale Sproch schéngt nach ëmmer aktuell ze sinn, och wa sexualiséiert Biller nach ni sou present waren, ganz einfach per Mausklick.

Mir liewen an enger Welt vu Biller. Si prägen onse Goût, onst Verhalen a maachen dacks méi Drock, wéi se d’Realitéit duerstellen. Genee dat bekloe Fraenorganisatiounen! Si kämpfe fir e méi realistescht Bild vun der Fra, déi an de Medien vill ze dacks zu engem Objet gemaach gëtt.

Wei sexistesch si Frae-Biller an de Medien, wéi fräi gi Fraen a Männer hautdesdaags mat Sexualitéit an Erotik ëm a firwat provozéiert Sex och nach am Internet-Porno-Zäitalter?

Invitéiert waren:

DEBORAH DE ROBERTIS

Performance Kënschtlerin
Provozéiert mat hirer Weiblechkeet

SONIA GLEIS

Mannequin
Duebele Master an der Konscht, studéiert Droit 

DANIELLE IGNITI

Directrice vum Kulturservice vun der Gemeng Diddeleng
Feministin, fréier Presidentin Planning Familial

CHRISTA BRÖMMEL

Responsabel fir Fraepolitik bei CID Femmes
Wëll e méi realistescht Bild vu Fraen an hirer Roll

LAMBERT SCHLECHTER

Auteur a Lyriker, krut de Batty Weber a Servais-Präis
Thematiséiert a sengem Schreiwen och d’ Erotik

LUC MARTELING

Chefredakter RTL.lu an Auteur
huet Kommunikatiounswëssenschafte studéiert



De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.