KloertextThema: Lëtzebuerg, Kulturland?

Wéi eng Plaz, Roll, wéie Stellewäert hu Kultur a Kënschtler hei am Land a wat ass dem Staat seng Aufgab um kulturelle Plang?

Kloertext mam Thema: Lëtzebuerg, Kulturland? (10.07.2016)
Wéi eng Plaz, Roll, wéie Stellewäert hu Kultur a Kënschtler hei am Land a wat ass dem Staat seng Aufgab um kulturelle Plang?
Et kann ee se anescht definéieren, mä am Idealfall misst jiddereen zu Lëtzebuerg an iergendenger Form Kultur konsomméieren, an ëmgedréint professionell Kënschtler och vun hirer Konscht liewen kënne. Mä do si mir net trotz qualitativ héichwäerteger Offer an alle Kulturberäicher an de verschiddenste Kulturinstitutiounen uechtert Land.

Kultur ass den Zement vun onser Gesellschaft
seet de Staats- a Kulturminister, ouni d'Kultur awer genau ze definéieren! Wat ass Kultur, wat de Stellewäert vu Kultur a Kënschtler? 

Wat ass de Bierger d'Kultur iwwerhaapt wäert? Wat genau ass hir Roll zu Lëtzebuerg an am Ausland?

A wat ass dem Staat seng Roll a Punkto Kultur, fir dass d'Kultur hirer Roll gerecht ka ginn?

D'Offer zu Lëtzebuerg ass enorm. Et gëtt vill Kultur, déi och ganz villsäiteg a qualitativ héichwäerteg ass. Eng wichteg Fro awer betrëfft och d'Kënschtler. Wéi gi si ënnerstëtzt a wéi eng Ënnerstëtzung brauche se an no wéi enge Critère ginn dës Ënnerstëtzunge verdeelt?

Déi an aner Froe hu mer e Sonndeg mat eisen Invitéen am Kloertext beschwat.

D'Invitéen um Sonndeg waren:

Guy Arendt
Staatssekretär Kultur

© Eric Steichen / RTL

Tania Brugnoni
Direktesch 1535° Déifferdeng

© Eric Steichen / RTL

Serge Tonnar
Maskenada / Museker, Auteur

© Eric Steichen / RTL


Robert Garcia
Nach-Direkter Rotonden

© Eric Steichen / RTL

Thomas Schoos
Directeur éditorial vun Edition Binsfeld

© Eric Steichen / RTL

Maurice Sinner
Richtung 22

© Eric Steichen / RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg. Dës Editioun fänkt awer ausnahmsweis um 18.25 Auer un.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.