KloertextThema: Immobilitéit.lu?

Wéi kann ee Mobilitéit nohalteg verbesseren? Elo a mat der Perspektive vun 1 Mio Awunner? Braucht et méi radikal, méi innovativ Léisungen?

Kloertext (30.10.2016)
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.
Iwwer 32 Stonnen steet een zu Lëtzebuerg d‘Joer am Stau. Statistesch, gefillt sinn et der wäit méi, just wéi ee Wee aus der Immobilitéit- ass se Fatalitéit duerch Wuesstem a Frontalieren an all Léisung Gepléischters oder musse mir nei Weeër siche a nach méi innovativ ginn?
 
Lëtzebuerg Affer vu sengem Succès! Mir verkafen ons als dynamesch, attraktiv, an dat zitt virun allem enorm vill Läit bausst de Grenzen un, Wiertes eng  170.000, vill fir eng Populatioun vu 580.000, déi, sou kréie mir gesot verdaamt ass ze wuessen, fir hire Wuelstand ze erhalen mat der Perspektive Milliounen z’iwwerschreiden.

Wat muss geschéien, fir och an Zukunft d'Mobilitéit ze verbesseren? Iwwer 32 Stonne Stau, dat ass d'Moyenne enger EU-Statistik no, déi en Automobilist hei am Joer am Stau verléiert, keng gutt Reklamm fir Let’s make it happen  a virun allem geet et un d'Nerven vun ons all, all Dag. Onverkennbar, no Joerzéngte diskutéieren gi grouss Infrastrukturprojete ëmgesat, virop den Tram, nach ëmmer ëmstridden awer keen  Allheelmëttel, wéi kritt een d'Leit multimodal derzou  Transportmëttele ze wiesselen, méiglechst där, déi net verknaschten a verstoppen. A bei der Mass u Mënschen, déi viru klëmmt braucht et net méi e radikaalt Ëmdenken? Innovativ Léisungen vun all Zort?

Invitéen
 
François Bausch
Minister fir Nohaltegkeet an Infrastrukturen

Alain Groff
Ingénieur Responsabel Mobilitéit Basel

Marc Lies
CSV Député- Maire vun Hesper

Rosario Cavallaro
Grupp Rollinger (Responsabel Finanzen + Administratioun)

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.