Lëtzebuerger am Ausland: beim Marie-Jeanne an Neiséiland

23.12.2017 / 00:14:06

An eiser Serie vun de Lëtzebuerger am Ausland geet et haut ganz wäit fort!

Nämlech an Neiséiland – do lieft d‘ Marie Jeanne Heath-Peters. 2012 hat di geléiert Dieteticienne no 18 Joer gekënnegt fir zesumme mat hirem Mann Barry eng Weltëmseeglung ze maachen! Haut liewen Si op der Nordinsel vun Neiséiland! Do schafft d’Marie Jeanne als Ambulancier an studéiert am 3. Joer Para-Medezin. Den Yves Trevalec an de Pit Biwer hunn d‘Lëtzebuergerin an hirer neier Heemescht um aneren Enn vun der Welt besicht!