Lëtzebuerger am Ausland: beim Stéphane a Max zu Dubai

24.12.2017 / 00:11:40

An eiser Serie, wou mer Lëtzebuerger uechter d'Welt suivéieren, geet eis Rees haut op Dubai.

Hei huet de Stéphane Jacques – nodeems en 23 Joer als Pilot geschafft hat – sech 2002 niddergelooss a säin éischte Restaurant opgemaach. Mëttlerweil leet en zesumme mat sengem Fils Maxime eng Restaurants-Chaîne an Dubai. Wéi et zu all dem komm ass a wéi hiren Alldag dohannen ausgesäit, war den Yves Trevalec sech ukucken.