Lëtzebuerger am Ausland: beim Stärekach KimKevin zu Singapur

01.01.2018 / 00:11:01

An eiser Serie iwwer interessant Lëtzebuerger am Ausland presentéiere mer Iech haut de KimKevin de Dood.

De KimKevin de Dood ass zu Bauschelt bei Wolz opgewuess an huet schonn ëmmer gär gekacht. No der Hotelschoul zu Dikrech an engem Diplom als Hotelier/Restaurateur an der Täsch huet hie sech 2010 direkt op de Wee an d'Welt gemaach. No verschiddene Restauranten an Däitschland, Frankräich, der Belsch an England goung et fir hien Ufank 2015 op Singapur, wou hien elo zënter 2 Joer Kichechef am Restaurant St. Pierre ass ... an e Michelin-Stär krut!