Lëtzebuerger am Ausland: beim Alex Steinmetz zu New York

04.01.2019 / 00:09:39

New York – the place to be/live fir Artisten, Affekoten a Bänker. Just dass den Alex Steinmetz léiwer vu London an Asien geplënnert wär.

An nëmme mëttelméisseg begeeschtert war, fir seng Bank op Manhattan schaffen ze goen. Dat sinn elo ëmmerhin scho 4 Joer hir. D’Raphaelle Dickes huet de jonke Mann vu Steesel zu New York am Subway um Wee op d’Aarbecht getraff a gekuckt, wéi him d’Liewen haut dohanne schmaacht...